All d’Geschäfter, net nëmmen déi, déi Member vun der union commerciale sinn, kënne sech umellen, fir matzemaachen.

Fir d'Geschäftswelt weider z'ënnerstëtzen, huet d'Stad Lëtzebuerg zesumme mam Stater Geschäftsverband der Internet-Plattform cityshopping.lu elo en neit Gesiicht.

All d’Geschäfter, net nëmmen déi, déi Member vun der union commerciale sinn, kënne sech umellen, fir matzemaachen. Bis ewell hunn eng 1.040 Butteker vun am ganzen ëm déi 1.500 vun dëser Offer profitéiert.

Den neie Site ass vill méi variéiert an informativ, huet méi eng staark Sichmaschinne an erlaabt et de Geschäfter, mat Linken op hir aner digital Offerten, hir Produiten online unzebidden. De Visiteure gëtt awer och guidéiert, wou Parkingsméiglechkeeten sinn, wéi ee mam ëffentlechen Transport bei d’Geschäfter kënnt a wat soss an der Stad lass ass, och op kulturellem Plang.

Bis ewell huet d’Stad Lëtzebuerg eng 4 Milliounen Euro investéiert, fir d’Stater Geschäfter a Covid-Zäiten z’ënnerstëtzen, mat direkte Subsiden, duerch Pop-Up-Storen an och doduerch dass Loyeren nogelooss goufen. 1 Milliounen Euro ass an d’Bongenaktioun investéiert ginn. Elo, esou d’Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer, wëll een nach nei Weeër goen.

Exrait Lydie Polfer

An dësen Zäiten ass et ganz wichteg, de Geschäfter eng Vitrinn ze ginn, dat si kënne weisen, wou si sinn a wat si ubidden. Et si schwéier Zäiten a Krisenzäiten an déi Kris huet eis elo dozou bruecht, nei ze denken a méi kreativ Weeër ze goen. An elo waren och vill Geschäfter bereet, dee Wee matzegoen, esou d'Stater Buergermeeschtesch.