D'Hobbykënschtler Lëtzebuerg a.s.b.l. hat e Sonndeg, de 6.7.2014 op den 1. Konscht- an Hobbymaart invitéiert an den Erfolleg sollt net ausbleiwen.

Méi wéi 2000 Leit hate vun 10 Auer un de Wee op Walfer fonnt.

Am Centre Culturel, an der Hal 3 a ronderëm de Centre Culturel waren iwwer 130 Aussteller, mat méi wéi 50 verschiddenen Hobbyen.

Un Animatioun huet et net gefeelt, esou war muerges e Concert Apéritif vun der Philharmonie Préizerdaul a nomëttes hat de Walfer Ballet en Optrëtt. Am Laf vum Nomëtteg huet den Duo Les Copains fir musikalesch Stëmmung gesuergt.

Déi ugebueden Atelieren (Glitzertatoo, Airbrush, Holz, Metall, bitzen, drechselen, Mosaik, Specksteen) ware gutt besicht an de Märcherallye huet net nëmmen déi Kleng begeeschtert. D'Stater Schmatten hunn op der Plaz geschafft an et goufen och Virféierungen am Edelstengschläifen.

Bei engem Rondgang konnt den Här Guy Arend, député maire vu Walfer, sech vun der Vielfalt vun Hobbyen an vun der Qualitéit déi ugebuede gouf, iwwerzeegen. Och huet hie sech positiv geäussert, fir eng nächsten Editioun vum Walfer Konscht- an Hobbymaart an a senger Ried sot hien, dass dëse Maart Bestand zu Walfer soll kréien.

All deenen, déi dëst Joer net op Walfer konnte kommen, soe mir elo schonn, dass fir 2015 eng zweeten Editioun vum Walfer Konscht- an Hobbymaart geplangt ass.