Um Dënschdeg waren de franséische President Emmanuel Macron an de belsche Premier Charles Michel mat hire Partner op Visite zu Lëtzebuerg.

Si goufen ënner anerem vun der groussherzoglecher Koppel empfaangen. Duerno huet den Emmanuel Macron eng Entrevue mam Premier Xavier Bettel um Sennenger Schlass. An deem Gespréich goung et ëm déi bilateral Relatiounen an déi europäesch Aktualitéit.

"Mir sinn d'Generatioun, déi Europa nei wëll grënnen"
Offizielle Visite vum Franséische President Macron an dem Belsche Premier Michel beim Premier Bettel. D'Relance vum Europäesche Projet stoung am Mëttelpunkt.
VIDEO: Visite Macron
Um Dënschdeg sinn de franséische President Emmanuel Macron an de belsche Premier Charles Michel mat hire Partner op Visite zu Lëtzebuerg.

Méi spéit ass dann och de belsche Premier Charles Michel um Sennenger Schlass dobäi komm, fir eng Aarbechtsreunioun tëscht de Premieren aus der Belsch a Lëtzebuerg an dem franséische President. An der trilateraler Entrevue am Sennenger Schlass goung et ënner anerem ëm d'Fro, wéi een Europa nees redynamiséieren a relancéiere kéint.

Déi dräi Staatschefe ware sech eens, datt een d'Generatioun wéilt sinn, déi Europa nei grënnt.

AUDIO: Reunioun Macron, Michel, Bettel / Reportage Pit Everling

Mir allen dräi hunn Europa gären a kee vun eis huet e Krich erlieft. Mir wëllen dat Europa funktionéiert a mir wäerten eppes maachen, datt Europa funktionéiert, esou de Lëtzebuerger Staatsminister Bettel.

10 fundamental Punkte solle proposéiert ginn, seet de franséische Staatschef Macron. Ënnert anerem soll d'Union économique et monétaire relancéiert ginn en Vue vun enger méi staarker Integratioun vun der Eurozon. Fir de franséische President soll dann och eng Konvergenz op fiskalem Niveau kommen.

Ob déi lescht genannten Iddi da mam Grand-Duché kompatibel wier, gouf den Emmanuel Macron vun engem franséische Journalist gefrot.

Doropshin huet de President geäntwert, datt een nach vill Saachen iwwer de Grand Duché am Kapp huet, déi d'Evolutioun an d'Aarbecht aus de leschte Joer net géif consideréieren. Lëtzebuerg huet vill a senger Reglementatioun verännert, grad fir konform ze sinn. Dofir huet den Emmanuel Macron dann d'Aarbecht vun der Regierung vum Xavier Bettel gelueft.

Hie géing dann och un d'convergence fiscale an Europa gleewen.  Lëtzebuerg fir säin Deel wier op d'mannst mol oppe fir ze diskutéieren, äntwert de Xavier Bettel.

Aner europäesch Iddie sollen et a puncto Defense, Immigratiounspolitik, am digitale Beräich oder nach an der Fuerschung ginn. En Europa vu méi Vitessë schéngt iwwerdeems eng Evidenz ze sinn.

"Un coalition de bonne volonté" nennt et de belsche Premier Charles Michel. 60 Joer no de réimesche Verträg wier et nees u motivéierte Fraen a Männer fir Responsabilitéit z'iwwerhuelen an der EU nees eng Orientatioun ze ginn.

E grousst Uleies vum President Macron ass déi sozial Protektioun vun den Aarbechter, déi aktuell Directive fir d'travailleurs détachés géing sozialen Dumping favoriséieren, eng Revisioun wier dréngend noutwendeg. Lëtzebuerg ënnerstëtzt de franséische Virstouss, huet et e Samschdeg den Owend geheescht.

Am bilaterale Gespréich tëscht franséischem Staats- a Lëtzebuerger Regierungschef goung et dann natierlech och nach ëm aner Themen, ëm déi vill franséisch Frontalieren notamment an natierlech ëm d'Dauerbrenner-Thema: Atomzentral Cattenom.

Dat ass eng Diskussioun, déi um Niveau vum Premier a President muss gefouert ginn. De Premier huet dem President och matgedeelt, datt seng Regierung sech och finanziell géif dru bedeelegen, fir e parc d'énergie renouvelable opzebauen, deen d'Atomzentral ofléise soll, seet de Staatsminister Xavier Bettel. De President Macron äntwert, datt een sech der Mobilisatioun an der Sensibilitéit vum Thema wuel bewosst wier.

Den Emfangscomité zu Senningen ass iwwerdeems och vu Greenpeace assuréiert.

Am offizielle Communiqué vu Greenpeace schreiwen d'Manifestanten: Président Macron, fermez Cattenom Des militants de Greenpeace ont accueilli Emmanuel Macron, Président de la République française, avec un message clair lors de son arrivée au Luxembourg : « Stop Cattenom & Fessenheim». Le Président de la République Emmanuel Macron et le ministre de la transition écologique et solidaire Nicolas Hulot se sont engagés à respecter la loi de transition énergétique d’août 2015 et de fermer jusqu’à 17 réacteurs pour ramener la part du nucléaire dans la production d’électricité à 50 % à l’horizon 2025. Par contre, Greenpeace estime qu’entre 27 et 31 réacteurs devront être mis à l’arrêt d’ici à 2025 pour respecter la loi de transition énergétique. Greenpeace demande que parmi les premiers réacteurs à fermer doivent se trouver ceux qui posent le plus de risque immédiat pour les pays voisins comme le Luxembourg. / © Domingos Oliveira

Während de Lëtzebuerger an de belsche Premier de franséische President empfaangen huet, hunn hir Partner, d'Brigitte Macron, Amélie Derbaudrenghien an de Gauthier Destenay zesumme mat der Grande-Duchesse Neimënster an de Mudam besicht.

Den Owend gouf mat engem privaten Dinner ofgeschloss, deen de Premier Xavier Bettel senge Gäscht offréiert huet.

Hei ass dat offiziellt Schreiwes:

Visite au Luxembourg du président de la République française, Emmanuel Macron (29.08.2017) – Communiqué

Communiqué par: ministère d'État / Cour grand-ducale

 

Le président de la République française, Emmanuel Macron, effectuera une visite au Luxembourg le 29 août 2017.

Le président de la République française et son épouse Brigitte Macron seront reçus en audience par LL.AA.RR. le Grand-Duc et la Grande-Duchesse au palais grand-ducal.

Le Premier ministre, ministre d’État, Xavier Bettel, accueillera le président de la République française, Emmanuel Macron, pour une entrevue en tête-à-tête au château de Senningen. Les relations bilatérales et les sujets liés à l’actualité européenne seront au centre des discussions.

Le Premier ministre et le président Macron seront rejoints au château de Senningen par le Premier ministre du royaume de Belgique, Charles Michel, pour une entrevue de travail portant sur les grands sujets de l’actualité européenne. Cette réunion sera suivie d’un dîner.