112 enquêtéiert intern wéinst Dysfonctionnementer

D'Administratioun vun de Rettungsdéngschter gëtt zou, dass et Dysfonctionnementer gouf an de Sauvetage hätt mussen direkt op den Accident geschéckt ginn.
D'Administratioun vun de Rettungsdéngschter reagéiert um Mëttwoch de Moien an engem Communiqué op d'Faiten aus der Nuecht vum 14. Abrëll. Si weisen drop hin, dass d'First Responder vun de Pompjeeë Wäisswampech sech schonn ëm d'Affer gekëmmert hunn, nach éier déi 1. Ambulanz op der Plaz war.
Den Accès bei d'Affer wier iwwert d'Bäifuererdier vum Auto méiglech gewiescht. Iwwert dee Wee hätt déi blesséiert Polizistin och aus dem Auto kënne geholl ginn. Och de Chauffer vum Auto wier erausgeholl ginn, nach éier de Sauvetage vun Ëlwen op der Plaz war.
Zu kengem Ablack iwwregens wiere Rettungsdéngschter op eng falsch Plaz geschéckt ginn, schreift d'Verwaltung vum 112 an dementéiert heimatter RTL-Informatiounen.
Et gëtt een allerdéngs zou, dass et och Dysfonctionnementer gouf. De Sauvetage hätt mussen direkt op d'Onglécksplaz geschéckt ginn. Just deen ass mat hydrauleschem Material equipéiert, fir Persounen aus engem Auto ze schneiden. Konsequenzen hätt dat awer eben net gehat. Et gouf trotzdeem eng intern Enquête an d'Weeër geleet, fir an Zukunft esou en Dysfonctionnement ze evitéieren.
PDF: Pressecommuniqué vun der Administration des services de secours (25.4.2018)
Artikel vum 24. Abrëll 2018
RTL-Informatiounen no sinn d'Rettungsaarbechte beim déidlechen Accident vum 14. Abrëll net optimal gelaf. Et bleiwen nach ëmmer vill oppe Froen nom déidlechen Accident tëscht zwee Police-Ween op der N7 bei Lausduer viru bal zwou Wochen.
D'Evenementer hu sech déi Nuecht an och déi Deeg duerno iwwerschloen, sou datt villes net esou gelaf ass, wéi et hätt missen.
Um Dënschdeg ass an dem Kontext eng weider Informatioun un d'Liicht komm, déi den Oflaf vun de Rettungsaarbechten an der Nuecht vum Accident betrëfft.
An der Nuecht op den 14. Abrëll ass villes net sou gelaf, wéi et hätt missen. Kuerz no zwou Auer sinn zwee Police-Autoen no enger Course-Poursuite aneneegerannt, dobäi ass een Beamten ëm d'Liewe komm an den Zoustand vun der anerer Beamtin ass nach ëmmer kritesch.
RTL-Informatiounen no wär zäitlech déi Nuecht net alles optimal gelaf.
Déi éischt Ambulanz war no 22 Minutten op der Onglécksplaz a koum vun Housen. Dëst wär een ganz normalen Delai, matzen an der Nuecht am Éislek, erkläert den Direkter vun der „Administration des Services de Secours“, de Paul Schroeder, RTL-géintiwwer. Den 1. Won vun den fräiwëllege Pompjeeë war no 24 Minutte vu Wäisswampech aus, op der Héicht vu Lausduer.

Wat net geklappt huet war den Asaz vum Sauvetage, deen néideg gewiescht wär, fir déi zwee Beamte séier aus dem Auto erauszeschneiden. Dee war nämlech bei der éischter Alerte net matgeruff ginn. Eréischt 27 Minutten duerno, wéi d'Pompjeeë schonn op der Plaz waren, gouf dunn de Sauvetage vun Ëlwen alarméiert, confirméiert den Responsabel vum 112. Dës sinn du 44 Minutten no der éischter Alerte erausgefuer an ongeféier eng Stonn nom Accident bei Lausduer ukomm.
D'Pompjeeën hunn du misse mat deene Moyene schaffen, déi si op der Plaz haten, fir d'Policebeamten aus dem Won ze huelen. Do wär ënner anerem mat Briecheise geschafft ginn, dës Informatioun konnt awer nach net confirméiert ginn.
Eng aner Informatioun, déi net confirméiert gouf ass, dass et och Kommunikatiounsproblemer tëscht der Zentral vum 112 an den Rettungsequippe ginn hätt, an dat well Wäisswampech mat Uewerwampech verwiesselt gouf. Uewerwampech läit an der Gemeng Wëntger, ronn 26 Kilometer vun der Onglécksplaz fort. Dat hunn d'Rettungsdéngschter jo antëscht per Communiqué dementéiert.
