Norden: LSAP verléiert 1 Sëtz an CSV kritt 1 bäi

D'CSV verléiert zwar par rapport zu der leschter Ëmfro e puer Prozent, bleift awer de loin vir a kritt ganzer 5 Sëtz. DP 2 an LSAP a Gréng allkéiers 1.
D'CSV bleift am Norde weiderhin déi stäerkste Partei mat 37,1 Prozent vun de Stëmme vun den 647 Leit, déi am Norde gefrot goufen, an d'DP verléiert 3,4 Prozentpunkten, wann een déi aktuell Stëmmung am Juni mat där vun de leschte Walen am Oktober vergläicht.
Dat geet ervir aus der rezenter Sonndesfro vum Politmonitor vun TNS-Ilres am Optrag vu RTL an dem Lëtzebuerger Wort.
Wann een den aktuellen Trend mat den Nei-Walen 2013 vergläicht, géing och d'LSAP 2,9 Prozentpunkte verléieren.
Donieft ginn et awer 2 Gewënner. Op der enger Säit wéi gesot d'CSV, déi 3,4 Punkten zouleet, an op der anerer déi Lénk mat 3,2 Prozentpunkte méi.

Vun der LSAP bei déi Lénk
Natierlech wär dëst Resultat - wéi och schonn am Bezierk Osten - schwiereg z'interpretéieren, erkläert de Luc Biever vun TNS-Ilres, ma et géing ausgesinn, wéi wann d'Wieler däitlech op déi lénks Säit vum politesche Spektrum réckelen an deemno net méi d'LSAP, ma déi Lénk wielen. D'Stëmmen, déi d'DP verléiert, géinge dem Sondage no bei der CSV landen.
Sëtzverdeelung am Norden
9 Deputéiert sëtze jo fir de Bezierk Norden an der Chamber an déi aktuell Gewielt musse ronn 11 Prozent vun de Stëmmen an deem Bezierk kréien, fir hire Sëtz ze verdeedegen. Wann een déi aktuell Stëmmung vun de Wieler op d'Sëtzverdeelung transposéiert, da gesäit een, dass d'LSAP hiren zweete Sëtz verléiert a just nach op een eenzege kënnt, genee wéi déi Gréng.
Wann een d'Wale vun 2013 kuckt, hätt dëst Resultat bei de Sozialiste geheescht, dass de Sozialminister Romain Schneider mat ronn 12.400 Stëmmen nach an d'Regierung komm wär, de Claude Haagen wär amplaz vum Romain Schneider an d'Chamber nogeréckelt, ma den Fränk Arndt géing säi Sëtz verléieren. De Buergermeeschter vu Wolz geet jo - wéi gewosst - dëst Joer awer net méi mat an d'Walen.
Vum Sëtz-Gewënn bei der CSV am Norden géif op der anerer Säit dann den Ettelbrécker Buergermeeschter Jean-Paul Schaaf profitéieren. Hie war 2013 op der 5. Plaz, hannert de 4 gewielten CSV-Deputéierte Marco Schank, Martine Hansen, Emile Eicher an Aly Kaes.

D'DP géing iwwerdeems bei 2 Sëtz bleiwen. A kann, wann een déi lescht Politmonitore matenee vergläicht, och nees e puer Prozenter gutt maachen. Hiren aktuellen Trend weist no uewen, dee vun der CSV no ënnen, dee vun der LSAP stagnéiert zimlech ...

Methodologie
Zanter e Méindeg an nach déi ganz Woch iwwer presentéiere mir Iech all Owend d'Stëmmung aus de 4 Wal-Bezierker. Ugefaangen e Méindeg mam Osten an elo hei mam Norden. E Mëttwoch ass den Zentrum an en Donneschdeg de Süden respektiv déi ganz Sëtzverdeelung an der Chamber drun. E Freideg schwätze mer dann nach iwwer méiglech an iwwer gewëschte Koalitiounen.
Fir dëse Politmonitor huet TNS-Ilres am Ganzen 3.521 wahlberechtegt Persounen, dovunner 647 am Bezierk Norden, wärend 6 Méint, iwwer Telefon an online gefrot, wéi eng Partei si wiele géingen, wann den nächste Sonndeg Wale wieren. Doduerch spigelen d'Resultater een laangfristege Stëmmungstrend erëm an net just den aktuelle Moment, wou gefrot gëtt.
PDF: Politmonitor Sonndesfro (2/5): Norden.
Politmonitor mat Sonndesfro Juni 2018
RTL-NEWS: Politmonitor Sonndesfro (1/5) - Osten: DP verléiert 1 Sëtz, ADR kritt 1 bäi.
RTL-NEWS: Politmonitor 1/2: D'Vertrauen an d'Regierungsparteie wiisst
RTL-NEWS: Politmonitor 2/2: Asselborn weider virun Di Bartolomeo a Bettel