Léiwer Fakte wéi Faarwen a Fake News

Nom Politmonitor ass virun de Walen. Iwwerdeems d'Mass fir déi eng scho gelies ass, gesäit de Luc Marteling dat vill manner definitiv. Nach wier alles dran an d'Wierfel géifen eréischt de 14. Oktober falen, fënnt de Chefredakter vun RTL.lu.
An de Lycéeën ass grad Prüfungszäit, duerno gëtt et dann Notten an Zensuren – a vläicht och Diplomer.
An der Politik ass et ähnlech, just datt d'Prüfungszäit vu der aktuell blo-rout-grénger Regierung e puer Joer gedauert huet. D'Zensure gëtt et hei de 14. Oktober – an do gesäit et iergendwéi no enger fermer Datz aus. Ofgewielt, nennt een dat. Oder souguer ofgestrooft.
Nach ass et jo net esou wäit, genee 4 Méint musse mer eis nach gedëllegen, trotzdeem hunn ech mech selwer bei där (nach) hypothetescher Fro ertappt: Firwat eigentlech esou eng Sanktioun?
Natierlech duerf een als Wieler eng Datz ginn an et muss ee sech dofir och net rechtfäerdegen. D'Vollek decidéiert leschten Enns, esou wëll et eis parlamentaresch Monarchie.
Leider seet de Fait, datt eng Decisioun demokratesch zustane komm ass, näischt doriwwer aus, ob se och richteg ass. Oder fair.
Ma well de Wieler an der Politik jo deen ass, dee benout a bewäert, dee be- a veruerteelt, huet hien also - fir beim Bild vun der Schoul ze bleiwen - d'Roll vun der Joffer, vum Schoulmeeschter, vum Proff. A wéi eng Enseignanten huet ee selwer am léifsten? Déi, déi fair benouten a bewäerten. Déi, déi sech informéieren an eréischt da jugéieren respektiv sanktionéieren. Op Basis vun der Aarbecht, net op Grond vum Numm op der Aarbecht.
Esou sollt et och an der Politik sinn: Fakte sollten zielen, net Fake News an och net Faarwen. "Entscheidend ist, was hinten rauskommt", huet eemol den Helmut Kohl gesot. Oder fir e Paschtouer, deen eis viru Kuerzem verlooss huet, ze zitéieren: "Wann den Däiwel eng Wourecht seet, bleift et nawell eng Wourecht."
Datt bei Gambia d'Angscht geeschtert, net fair jugéiert ze ginn, kann een novollzéien. Ma goung et der CSV viru 5 Joer net och esou, wann een dee ganzen Amalgam vu Reprochë vun deemools Revue passéiere léisst? Egal wéi: Minus 6 Sëtz si schonn eng gelleg an d'Gladder. Okay, et hat een de Mond am Ufank schéi voll geholl, ma et huet een och geliwwert. Gefillt goung et zwar mat enger blöder Autosgeschicht lass, ma ech waarde bis haut op e couragéierten CSV-Politiker, deen zougëtt, datt dat u sech keng onüblech Praxis war. Da gouf et och eng fatzeg Feelbesetzung, do gouf jo géigesteiert. An et gouf een ongléckleche Referendum. Ma wéi eng Regierung huet sech keng geleescht? Deeler vum Gambia-Bilan kënne sech duerchaus weise loossen, dat sollt een unerkennen, egal ob politesche Frënd oder Feind.
Ëm esou méi komesch, datt elo well eenzel Membere vu Regierungsparteie Bande à part maachen. Falsch verstanenen Opportunismus? Als Bierger duerf ee fir d'éischt emol erwaarden, datt bis zum Schluss seriö geschafft gëtt. An et duerf een hoffen, datt um Enn déi besser Argumenter zielen. Dorëm sollt an der Konkurrenz ëm d'Wielergonscht goen. An net just ëm e parteipolitesche Beauty Contest.
Léif Politiker, leet Är Argumenter op den Dësch, da gëtt dat politesch wéi prozentual vläicht awer nach eng spannend Geschicht.
Léif Wieler, an do fillen ech mech och selwer ugesprach, jugéiert Inhalter a Konzepter, net just Logoen oder Binetten. Jo, dat ass méi ustrengend, ma dee beschte Wee ass seelen de bequeemsten. Ëmmerhi geet et ëm d'Zukunft vum Land, ëm d'Zukunft vun eis all.