Dee Mann, deen de 27. Oktober op der Streck Bruch-Sëll accidentéiert war, ass an der Nuecht op e Méindeg u senge schwéiere Blessure gestuerwen.

De virleschte Weekend, an der Nuecht op e Samschdeg, hat e Chauffer kuerz no Hallefnuecht tëscht Bruch a Sëll e Bam ze pake kritt.

Den Automobilist ass ewell u senge schroe Blessure verscheet. Et handelt sech ëm ee 35 Joer ale Mann vu Stengefort.

Hien hat an enger schaarfer Rietskéier d'Kontroll iwwer säi Won verluer, war iwwert ee Summerwee gerutscht a mat der Chaufferssäit an e Bam gerannt.

D'Police hat deemools geschriwwen, de Schock wier därmoossen hefteg gewiescht, dass de Motor aus dem Auto erausgeschleidert gouf. De Chauffer, deen eleng ënnerwee war, war ageklemmt a vun de Pompjeeë befreit ginn.

Op der Plaz waren d'Ambulanz vu Réiden, d'Zentere vu Béiwen/Atert a Miersch, de Samu vun Ettelbréck an d'Police.

Domat sinn dëst Joer ewell 34 Mënschen op eise Stroossen ëmkomm.

© CIS Béiwen/Atert

Ëmmer nees kënnt et op der Plaz vum Accident zu schroe Virfäll. Dee leschten Accident, deen do déidlech Suitten hat, war am Juli dëst Joer.