Am Kinneksbond zu Mamer war e Freideg den Owend déi 1. Informatiounsversammlung vun der Chamber am Virfeld vum Referendum a 4 Wochen.
Vetrieder vun alle Parteien an der Chamber hunn hir Vuë zu den 3 Froe referéiert, dat huet eng 75 Minutte gedauert. Duerno konnte vum Public Froe gestallt ginn. An deem Public waren ënnert anerem eng Rëtsch Politiker an awer och Leit, déi ee quasi op alle Referendumsversammlunge gesäit, wéi d'ASTi-Presidentin Laura Zuccholi vun der Plattform Minte oder de Fred Keup vum Neen2015. D'Versammlung war besser besicht, wéi aner Referendums-Informatiounsversammlungen, ronn eng 130 Leit waren do, mä nawell huet de Sall deels eidel ausgesinn, och well méi grouss Säll eraus gesicht goufen, fir déi Informatiounsversammlunge vun der Chamber. An de Kinneksbond beispillsweis passen iwwer 430 Leit.
An den nächste Woche tourt d'Chamber weider duerch d'Land fir d'Leit z'informéieren a mat hinnen ze diskutéieren.
Nächste Méindeg ass et eng Versammlung zu Maacher am Lycée. Dee Méindeg drop zu Dikrech an der Aler Seeërei.