Policegewerkschaft wëll de Platzverweis

Et kënnt kee Platzverweis. D'Regierung wier do kloer dogéint. Dat sot de Police-Minister Etienne Schneider um Donneschdeg.
D'Policegewerkschaft ass do anerer Meenung a wëll dee Platzverweis. Den Debat dierft sech och net nëmmen op de Volet Strummerten an Heescherte limitéieren.
D'Gewerkschaft huet och Problemer mat der Ausso vum Policeminister Schneider respektiv dem Justizminister Braz, dass am Policegesetz déi néideg Mëttel verankert sinn, fir adequat ze reagéieren.
Den Etienne Schneider sot och, dass d'Avise vun der Procureure générale a vum Police-Generaldirekter an déi nämmlecht Richtung ginn. D'Policegewerkschaft géif déi Avisen och gäre kréien.
Am Gespréich mam Nico Graf explizéiert de Generalsekretär Jerôme Bianchieri, firwat d'SNPGL de Platzverweis weiderhin wëll.
Hei dat offiziellt Schreiwes:
De Syndicat National de la Police Grand-Ducale (SNPGL) ass méi wéi erstaunt iwwer d’Informatiounen déi de Bierger aktuell an der Presse zum Thema « Platzverweis » zougedroe ginn. De SNPGL kann net verstoen, dass den Débat zu dem wichtege Sujet um politeschen Niveau ausschliisslech op d’Strummerten an d’Heescherte reduzéiert gëtt. Donieft schéngen, de Ministeren Schneider a Braz no, am aktuelle Policegesetz di néideg Mëttel verankert ze sinn, déi der Police et géifen erlaben adequat op di viséiert Situatiounen ze reagéieren, wat och duerch ee gemeinsamen Avis vun den zwee Procureurs d’Etat bestätegt géif. Bis elo huet de SNPGL bedauerlecher Weis weder vun der Direction générale, nach vum Ministère de la Sécurité intérieure Kenntnis vun dem genannten Avis kritt. Et dierf ee gespaant sinn, op di praktesch Ëmsetzung déi elo ronderëm den Artikel 37 vum Policegesetz soll fonnt ginn.
De SNPGL widerhëllt seng Fuerderung de „Platzverweis“ als Moyen vun der Police administrative anzeféieren, a betount dass en weiderhin offen ass fir ee manéierlechen Meenungsaustausch mat de politeschen Décideuren an der kriddeleger Problematik.
Mat syndikalistesche Gréiss