An engem neie Bréif un de Chamberpresident argumentéiert d'Policegewerkschaft, wisou fir si de Platzverweis déi besser Léisung ass.

D'Policegewerkschaft léist net labber. An engem oppene Bréif un de Chamberpresident Mars di Bartolomo argumentéiert den SNPGL op en Neits, firwat de Platzverweis a sengen Aen, dee bessere Moyen wier, fir verschiddene Situatioune Meeschter ze ginn. En Donneschdeg ass de Sujet op en Neits um Ordre du Jour am Chamberplenum.

De Verwaltungsrot vun der Gewerkschaft kann de Raisonnement vun de responsabele Ministeren net novollzéien. Si géifen déi aktuell Gesetzer ze large interpretéieren, kritiséieren de President Pascal Riquier an de Generalsekretär faisant fonction Maurice Meysenburg.

Heescherten, Clocharden, Demonstranten an Hooligans, déi déi ëffentlech Rou stéieren, géifen eigentlech guer net ënnert d'Gesetz falen, wéi et 2009 ugeholl gouf. Derbäi kënnt, datt d'Police fäert, mat vill Kritik konfrontéiert ze ginn, wa se Persounen op Basis vun de sougenannten „arrestations administratives“ aspäre géif, nëmmen, well se punktuell éierens stéieren. De Platzverweis wier do sécher manner staark a misst duerfir éierlech vun der Politik diskutéiert ginn.

D'Policegewerkschaft hofft, datt hir Iwwerleeungen dozou bäidroe kënnen, déi aktuell Problematik ze léisen an datt um Enn eng gesetzlech Basis erauskënnt, déi kloer an eendeiteg ass.