Wéinst dem Leegnen oder Minimiséiere vum Holocaust muss sech zanter e Mëttwoch en 58 Joer ale Mann um Stater Geriicht veräntweren.

Den Ugekloten hat am Fréijoer 2015 e Buch publizéiert mam Titel „Seit wann fahren Sklaven Auto? Mit neuem Wissen in die Freiheit“ . Dora war ë.a. dëse Passage grouss geschriwwen: „Abgeschnittene Haare (wegen der Läuse), Haufen an Schuhen und Kleidern (die Gefangenen bekamen Uniformen), Haufen an leeren Kanistern von Zyklon B (zur Desinfektion), Fotos von mageren Gefangenen (die an Typhus litten), alles Elemente, die uns erschaudern lassen und unser Mitgefühl wecken, dies alles sind keine Beweise einer Massenvernichtung durch Gaskammern“.

Den zoustännegen Enquêteur vun der Police judiciaire, dee v.a. deen Abschnitt ervirgehuewen huet, sot, dass e Publizist Plainte gemaach an d’Buch denoncéiert hat, dat an alle grousse Librairien ze kréien, iwwer Internet ze bestellen an a Bibliothéike vum Land auszeléine war. Hie selwer hätt et gelies, sou de Polizist, an doran, nieft dem Holocaust-Minimiséieren a -Leegnen, absënns Verschwörungstheorië fonnt, déi einfach ze widderleeë wären; ë.a. wéilt de Beschëllegten en Ënnerscheed maachen tëscht Revisionismus a Leegnen an donieft d’Zuel vun den, am Zweete Weltkrich gestuerwene Judde ferm no ënne revidéieren. De Mann hätt erkläert, dass hie keng schlecht Absicht gehat hätt, just hätt wëlle Froe stellen a guer keng Sympathie fir d’3. Räich hätt, woubäi hie sech op Revisioniste beruff hätt, sou den Enquêteur.

Nodeems den Henri Juda, President vun der asbl MemoShoah, de symboleschen Euro als Schuedenersatz gefrot hat, huet den Affekot vu MemoShoah dat selwecht gemaach. De Me Moyse huet vu “Propos révoltants” geschwat a vu Wierder, déi typesch wäre fir Revisionisten/Negationisten an eng Beleidegung vun den Affer duerstelle géifen. Um Enn vu sengem Plädoyer huet hien dem Ugekloten d’Buch “Auschwitz und die Auschwitz-Lüge” geschenkt.

Ier de Beschëllegten, deem säin Affekot an d’Vertriederin vum Parquet nach un d’Rei koumen, gouf d’Sëtzung awer ënnerbrach. Den 23. Mäerz dierft dëse Prozess dann op en Enn kommen.