Richtung 22 geet géint d'Uerteel an Appell

Richtung 22 geet géint d'Uerteel am sougenannte Kräidprozess an Appell, dat huet de Kënschtlerkollektiv an engem gewinnt ironesche Communiqué matgedeelt.
4 jonk Männer waren Enn Januar um Stater Policegeriicht zu enger Geldstrof vun all kéiers 200 Euro veruerteelt ginn, well si zejoert um Virowend vun Nationalfeierdag Kräid op de Parvis vun der Philharmonie gesprayt haten.
#Kräidprozess: Do ass nach Loft no ënnen
Richtung22 huet sech iwwert déi lescht Wochen ëm d‘Kräid-Terrorismusfinanzéierung gekëmmert. D'Ënnerstëtzung duerch SympathisantInnen huet elo genuch Spende generéiert fir den nächste Schrëtt.
Mir ginn an Appell géint d‘Uerteel am #Kräidprozess. Obwuel mir mat eiser Kräid-Aktioun un Nationalfeierdag 2015 eendeiteg virhaten, d‘Natioun ze beschiedegen an d'Land an eng existenziell Krise ze stierzen a vläicht souguer dat opgesatent Grinsen vum Grand-Duc ze zerstéieren, huet d‘Geriicht eis vum Virworf Sachbeschiedegung fräigesprach. Suggeréiert e lëtzebuerger Geriicht domat, dass d'Natioun keng Saach a keng Realitéit, mee identitäert Geflunkers ass?
Als Alternative gouf dunn am Uerteel den Artikel 557.4 rausgezaubert an eist Kräid-Wierk mat „dem Geheien vu Knascht“ gläichgesat. Mir si schwéier enttäuscht. Net, well d‘Geriicht d‘Rechter vun der Defense violéiert huet (an der éischter Instanz koum dësen Artikel nämlech guer net fir), mee no Police a Parquet och vum Geriicht aus de Versuch kënnt, Konscht ze verharmlosen an d‘Sprengkraaft vu Konscht ze verschleieren.
Eist Zil ass et elo eng grouss Image-Beschiedegung vun eis awer och vun der gesamter Konschtzeen ofzewenden. Mir fuerderen, dass Konscht am ëffentleche Raum mat Zerstéierung (zB. vum patriotesch Konsens um Nationalfeierdag) gläichgesat an entspriechend kredibel verfollegt gëtt. Op mannst hätt den Artikel 423 („La provaction en duel“) dra si mussen.
Wat d'Geriicht hei awer mécht, ass d'Reduktioun vu Konscht op de Strofdotbestand „mat Knascht geheien“. Doduerch soll de ver- an zerstéierenden Impakt vu Konscht am ëffentleche Raum diskreditéiert ginn. Wat am Eenzelfall zu Lëtzebuerg vläicht stemmt, däerf awer net duerch een Uerteel an d'Form vun engem Prezedenzfall gegoss ginn. Zum Beispill wor d'Projektioun vun der Grand-Ducs-Geschicht op de Palais effektiv „mat Knascht op ëffentlech Gebaier geheien ouni Beschiedegung vun der Surface“. An jo, den artiste en résidence vun der Police a sengem nipster Atelier fält och dorënner. An forcément, wann den Hoppen Téid iwwer d'Bildschiermer vum Land flimmert mécht déi ëffentlech-rechtlech Télé (RTL) näischt aneschtes wéi mat Dreck an d‘Wunnenge vun de Leit ze geheien.
Konscht muss awer grad an dësen Zäite méi wéi ästhetesch, onpolitesch, patriotesch an peinlech sinn. Dofir muss déi Konscht, déi kloer zerstéieresch Ziler verfollegt, op engem vill méi seriöen Niveau strof-verfollegt ginn.
Mir ginn dem Geriicht dofir eng zweet Chance. Eng Chance, fir un eis ee bluddegt Exempel ze statuéieren. D‘Geriicht soll sech am Numm vun der Demokratie trauen, elo richteg haart duerchzegräife fir deenen naïven Jujentlechen ze weise ween a Saache Gerechtegkeet deen Allerlängsten huet. Also Hiewel. An dëser Affär gouf nach net all Méiglechkeet genotzt, fir d‘Käschten, den Zäitopwand an de psycheschen Drock op déi Ugekloten an d‘Luucht ze dreiwen. Am juristesche Fachjargon: Fäerdeg maachen a Schäissen dinn. Just sou ass d'Kräidibilitéit vun Natiounen-Zerstéierung am ëffentleche Raum nach ze retten.