Eisen Informatiounen no huet den Inneminister Kersch och elo schrëftlech op den Accord a Saache Kierchefabrécken tëscht dem Bistum an dem Syfel reagéiert.

An deem Bréif, deen och un de Generalvikar adresséiert ass, stellt den LSAP-Minister en Ultimatum bis e Méindeg. Bistum a Syfel sollte bis dohinner eng Positioun zu den Amendementer vum Gesetzprojet ausschaffen a sech iwwert d'Kierchegebaier an der Annexe III vum Text eens ginn. An där Annexe geet et ëm speziell reliéis Gebaier, déi Gemenge gehéieren an déi nëmme mam Accord vum Bistum desaffectéiert kënne ginn. Wéi et schéngt wëll d'Regierung déi ganz Saach geschwënn am Regierungsrot fixéieren.

Deen Ultimatum ass nawell interessant. Den Dag duerno eréischt, also en Dënschdeg d'nächst Woch, huet de Syndikat vun de Kierchefabrécken de Syfel seng Generalversammlung, op där d'Membere jo méi wéi sécher hir Meenung zum Accord mam Bistum soe kënnen a wuel och driwwer ofstëmmen, ob d'Plaintë vum Syfel zeréckgezu ginn oder net.

Allgemeng betount den Inneminister direkt e puer mol am Bréif, genee wéi bei eis am Interview och, datt d'Konventioun mam Bistum agehale muss ginn. Dat heescht, datt d’Kierchefabrécke vun haut ofgeschaf ginn. Den Dan Kersch bleift och strikt  géint eng Iwwergangsphas an ass net domadder averstan, datt d’Fabriques d’église nëmme graduell ofgeschaf ginn.

Den Dan Kersch huet um Samschdeg de Mëtteg op 100,7 gesot, dem Bistum a Syfel eng Géigepropositioun a Saache Kierchefabricke gemaach ze hunn, iwwert déi si sech solle sou séier wéi méiglech positionéieren. Den Accord, deen déi zwou Säite fonnt hunn, ass nämlech net konform mat der Konventioun vun 2015. Dat kéint net sinn, sou nach emol den Dan Kersch. Kierchefabrécke missten an hirer aktueller Form ofgeschaf ginn, wéi de Fong vum Bistum um Enn opgebaut ass, wier d'Saach vun der Kierch. E Mëttwoch d'nächst Woch sinn technesch Amendementen am Regierungsrot. Dat heescht et gëtt e gewëssenen Zäitdrock, wéi mir och scho gemellt haten.

Den Dan Kersch sot zwee mol op d'mannst, et hätt alles scho laang, méi laang wéi geplangt gedauert. D'Gesetz kéint sécher net op den 1. Abrëll a Kraaft trieden an dann huet en och nach explizit betount, wéi exzellent d'Relatioune mam Generalvikar sinn.