Zu Irrel (D) gouf den "Interreg 5" Programm virgestallt: Eng landesiwwergräifend Zesummenaarbecht tëscht Lëtzebuerg an Däitschland.

''Naturtourismus ouni Barrièren am däitsch-lëtzebuergeschen Naturpark'', sou heescht een neien interregionalen Tourismus-Projet, deen e Méindeg zu Irrel, hei vir an Däitschland, virgestallt gouf. But vum Projet ass et, fir Wanderweeër, schéi Plazen an Attraktiounen, Hoteller a Restauranten aus der Groussregioun fir jidderee besser accessibel ze maachen.

Och kleng Kanner, eeler Leit a Mënsche mat enger Behënnerung solle vun der Natur an der Regioun profitéiere kënnen. Finanzéiert gëtt dëse Projet, dee ronn 3,3 Milliounen Euro kaschte wäert, vum Europäesche Fong fir regional Entwécklung a vun de Wirtschaftsministère Lëtzebuerg a Rheinland-Pfalz.

Déi däitsch-lëtzebuergesch Kooperatioun ass sech also eens: nëmme wann et fir kee méi Barrière gëtt, kann den Tourismus an der Groussregioun och weiderhin erfollegräich sinn.