En Dënschdeg de Mëtteg koum et an der Kierch zu Beetebuerg zu engem Akt vu Vandalismus. Op der Plaz vun der Dot war e Mann, dee ganz duerchernee war.

D'Rettungsdéngschter ware wéinst enger staarker Dampentwécklung an d'Beetebuerger Kierch geruff ginn. Op der Plaz huet sech dunn erausgestallt, datt Fändelen, Bicher an eng Pinnwand gebrannt hunn, déi goufe sou séier wéi méiglech geläscht.

Donieft goufen awer och Statuen, Blummekiwwel an aner Géigestänn futti gemaach, op de Buedem gehäit a muttwëlleg zerstéiert. De Parquet gouf alarméiert an huet de Miess- an Erkennungsdéngscht op d'Plaz geschéckt. D'Police huet och d'Ermëttlungen opgeholl.

An der Kierch war e Mann, deen ganz duerchernee war, keng Schong un hat a sech net ausweise konnt. Wéinst sengen Aussoe gouf hie verdächteg, fir de Vandalismus responsabel ze sinn, an hie gouf mat op de Policebüro geholl. Well de Mann awer an engem schlechten gesondheetlechen Zoustand war, koum hien an d'Spidol.

Et ass nach net kloer, wéi héich de Schued ass.