Zu Lëtzebuerg géing net genuch géint de Mënschenhandel gemaacht ginn, där Meenung ass de President vun der consultativer Mënscherechtskommissioun.

AUDIO: Mënschenhandel zu Lëtzebuerg / Reportage Ben Frin

Affer vu Mënschenhandel sinn d'Sklave vum 21. Joerhonnert, an esou Fäll ginn et der eng ganz Rei och hei am Land. D'consultativ Mënscherechtskommissioun kritiséiert dat an hirem éischte Rapport zanter, dass se an d'Liewe geruff gouf. Et géif net genuch ënnerholl gi fir dem Mënschenhandel op d'Spuer ze kommen an déi Schëlleg géife meeschtens mat ze vill nidderege Strofen dovu kommen.

De Gilbert Pregno, President vun der consultativer Mënscherechtskommissioun, erkläert un engem Beispill: Wann ech Mënschenhändler wier, da géing ech hei zu Lëtzebuerg eng Antenn ariichten. De Risiko, dass ech gepëtzt ginn, ass kleng. D'Police huet net ganz vill Mëttelen a wann ech géing spieren, dass si mir op der Spuer sinn, da kéint ech séier ofkrazen an ech géing mech an d'Ausland verfrachten. A wann ech sollt eng Kéier gepëtzt ginn an ech komme virun d'Geriicht, da brauch ech net ze vill ze fäerten. Déi Strofe sinn esou minimal an ech kréien dee Moment dann och nach e Sursis, sou dass ech déi Konsequenzen net brauch ze fäerten.

De Gilbert Pregno hofft, dass een an 2-3 Joer aneschters géing do stoen, well de Moment géing de Staat der Flicht vis à vis vun den Affer net gerecht gëtt.              

AUDIO: Extrait Gilbert Pregno

An deene meeschte Fäll betrëfft de Mënschenhandel d'Prostitutioun et gëtt en awer och wéinst Organhandel, organiséierter Heescherei, forcéierter Aarbecht oder Kriminalitéit. A ville Fäll wieren och Kanner Affer vu Mënschenhändler.

Zanter 2010 sinn hei am Land 79 Fäll vu Mënschenhandel registréiert ginn. An deene meeschte Fäll ass et dobäi ëm Prostitutioun gaangen, dowéinst ass et net verwonnerlech, dass déi meescht Affer Frae sinn. Ënnert den Affer waren awer och 11 Mannerjäreger tëscht 12 a 17 Joer. Dës Zuele gi wéi gesot nëmmen déi bekannte Fäll erëm, a Wierklechkeet dierften et also däitlech méi Fäll vu Mënschenhandel hei am Land ginn.

Fir d'Mënschenhändler sinn hir Verbriechen e lukratiivt Geschäft, den Affer gëtt dacks extrem Gewalt ugedoen. Si géingen dacks entfuert ginn oder vun engem Reseau an den anere Reseau verkaaft ginn, sou de Gilbert Pregno, President vun der CCDH.

79 bekannte Fäll a 7 Joer, wéi muss dann eréischt d'Donkelziffer ausgesinn? D'Presidentin vun der Justizkommissioun déi gréng Deputéiert Viviane Loschetter gesäit de Problem esou, dass d'Situatioun net optimal ass, mä mat den Informatioune vun der Kommissioun, déi d'Chamber elo kritt huet, hätt een e gudden Usaz fir weider ze schaffen.

D'Zuelen déi genannt goufe stamen iwwregens vun der Police a ginn d'Situatioun zanter 2010 erëm, nei ass de Problem also absolut net.

Reportage: Mënschenhandel oder modern Sklaverei?
Och zu Lëtzebuerg gëtt et Mënschenhandel. Zënter 2008 goufen awer nëmme 17 Fäll iwwer ons Geriichter jugéiert.

E Sonndeg war de Mënschenhandel och Thema an der Emissioun Kloertext: