Op der Generalversammlung e Freideg den Owend gouf d'Kandidatelëscht fir d'Gemengewahlen 2017 mat 98 Prozent vun de Stëmmen ugeholl.

Nieft dem Georges Mischo figuréieren op der Lëscht och déi 3 aner CSV-Gemengeconseillere Frunnes Maroldt, Christian Weis an André Zwally.

D’Altersmoyenne vun der Lëscht mat  6 Fraen an 13 Männer läit, wéi iwwregens och bei der Stater CSV, bei 43 Joer. Een Drëttel vun de Kandidate vun dëser jonker Lëscht kënnt aus de Réie vun der CSJ.

Fir 12 vun de 19 Kandidate sinn et déi éischt Gemengewahlen. Hei stiechen d’Denise Biltgen-Jacque, de fréiere Jeunesse-Spiller an Trainer Jacques Müller oder d’Tania Werner, d'Enkelin vum fréiere Premierminister Pierre Werner, eraus.

Bei de leschte Gemengewahle koum d'Escher CSV op 19,2% vun de Stëmmen, wat duer gaangen ass fir 4 Conseilleren ze stellen. Bei de Gemengewahlen 2005 waren et der nach 23,25%.

Déi komplett Kandidatelëscht vun der CSV  fir d'Gemengewahlen 2017 zu Esch:
Georges Mischo, Sportprofesser (42)
Denise Biltgen-Jacque, Kannerinfirmière (59)
Tom Bleyer, Ingenieur (42)
Bruno Cavaleiro, Independant (41) 
Lidia Keiser-Logutova, Juristin (38)
Marco Kirsch, Gemengenaarbechter (45)
François Maroldt, Directeur honoraire (65)
Jacques Müller, Gemengebeamten (54)
Thomas Muller, Schoulmeeschter (31)
Norry Peiffer, Ingenieur e.r. (75)
René Pettinger, Anesthésiste-Réanimateur (44)
Catarina Simoes, Finanzanalystin (32)
Chantal Sonnetti-Heiderscheid, Sekretärin (53)
Cédric Stammet, Student (20)
Luc Theisen, Student (28)
Christian Weis, Assistant Social (31)
Tania Werner, Staatsbeamtin (37)
Lola Weyrich, Studentin (23)
André Zwally, Privatbeamten (61)