E Sonndeg de Mëtteg hu sech op der Place Clairefontaine ronn 30 Leit getraff, fir Faarf ze bekennen a bei deem Mouvement matzemaachen.

"Pulse of Europe" - dat steet fir eng positiv Astellung vis-à-vis vun der Europäescher Unioun. Dëse Mouvement gouf am Joer 2016 gegrënnt a kënnt aus Däitschland. Eng éischte Kéier hunn d'Leit vum "Pulse of Europe" sech e Sonndeg op der Clairefontaine-Plaz an der Stad getraff.

AUDIO: "Pulse of Europe": Reportage Sandra Schmit

Ob Berlin, Wien oder Amsterdam - an 58 europäesche Stied treffe sech all Sonndeg um 2 Auer Leit, déi sech fir d'EU a géint Populismus staark maachen. Déi éischt Manifestatioun war zu Frankfurt. De Jonathan Ponchon, Organisateur vum Mouvement zu Lëtzebuerg, ass frou, datt sech d'Beweegung vu Frankfurt aus a ganz Däitschland an esouguer an Europa verbreet huet. Den Ënnerscheed wier, datt ee fir an net géint eppes op d'Strooss géif goen.

An 9 verschiddene Länner waren e Sonndeg ronn 20.000 Demonstranten op de Been. Grad hautdesdaags, wou d'EU vill kritiséiert gëtt, wier et wichteg, fir d'EU op Strooss ze goen – do waren d'Leit sech op der Clairefontaine-Plaz eens.

Och den nächste Sonndeg wëll de Mouvement um 14 Auer op der Place Clairefontaine sinn. Et ass geplangt, dat all Sonnden ze maachen, sot den Organisateur.