A weider stellt sech d'Horesca Froen iwwer d'Politik, déi a ville Fäll gefuerdert ass an och hir Responsabilitéite muss huelen.

Mir wëllen eis emol selwer an d'Gebiet huelen, a méi positiv un dat ganzt erugoen, sot de Generalsekretär vun der Horesca e Méindeg kuerz virun hirer Generalversammlung. Sech net aus der Verantwortung stielen, aneschters un d'Dossieren erugoen, kucken, dass de Secteur och all déi modern Moyenen notzt, déi et gëtt. D'Efforte géinge sech och elo scho weisen, well och wann et liicht méi lues géing dréine bei den Hotelieren, Restaurateuren a Cafetieren, wier allgemeng net schlecht geschafft ginn an d'Zuele géife jo och däitlech no uewe weisen.

AUDIO: Horesca / Reportage Monique Kater

D'Betriber géifen ewell aneschters un hir Clienten erugoen, et géif ee sech am Ausland ëmkucken, wat ugebuede gëtt, wat, mä och wéi de Client sicht. Eng aner, besser Vermaartung géing wat d'Zuelen ugeet, schonn eppes bréngen, seet de Generalsekretär vun der Horesca, deen d'Klassifikatioun vun den Hotellen ernimmt. D'Betriber hei an eng Vitrine stellen, si objektiv bewäerten, wier, sou de François Koepp, e Schrëtt an déi richteg Richtung, plus Richteg-Stellung.

D'Klassifikatioun vun den Hotellen ass der Horesca hir Klassifikatioun a kengem anere seng. Dat mécht een zesumme mam Ekonomiesministère.

An awer géingen eis hei am Land esou richteg touristesch Attraktioune fehlen. D'Basis wier awer do, eis Vergaangenheet, zum Beispill d'Stolindustrie an hir eenzegaarteg Sitten. De François Koepp freet sech an deem Kader, wisou mir hei am Land néierens een Tuerm mat enger flotter Aussiichtsplattform an engem fantastesche Restaurant stoen hunn, wou een eppes erliewe kann. D'Leit wëllen haut kulturell, geschichtlech a mat der Zukunft ënnerwee sinn.

Méi mat de neie Medie schaffen, wier wichteg. D'Politik soll fir hiren Tour, fir manner Bürokratie suergen, fir dass dem Secteur méi Zäit bleift fir de Client. D'Horesca stellt da bei de Caféen eng vläicht vereinfacht, mä  fënnt de François Koepp  kloer an däitlech Rechnung op, wat een hautdesdaags als Wiert verdéngt, nodeems d'Käschten all of sinn. Wann e fir e Béier 2.60 Euro freet, wier säi Stonneloun 5.71 Euro. An da géifen och hei an do Saache verbueden. Jo, et géing hei och ëm d'Glécksspillautomaten, seet den Horesca Generalsekretär.

Et ass schuet, wann de Wiert de Buumann ass. De Staat muss seng Responsabilitéit iwwerhuelen a seng Aufgabe maachen. Hie kann dat awer net op de Wiert iwwerdroen. D'Horesca ass net dofir verantwortlech, wann eppes net an der Rei ass. Do ginn et eng Partie aner Leit an déi sollen hir Aarbecht maachen.

Also: méi positiv ass d'Devise vun dëser Horesca Generalversammlung, mä Froe stellt de François Koepp sech, iwwer d'Regierung, jo dann awer eng Partie, zum Beispill wat d'Ënnerbrénge vun de Flüchtlingen ugeet.

Op der enger Säit gëtt gesot, et muss een an den Tourismus investéieren an d'Betriber fërderen. Dat een dann awer vum Staat d'Propose kritt, fir net ze schaffen an awer Suen ze verdéngen, andeems d'Hoteller da Refugiéeë géifen ophuelen.

Iergend eppes an där Politik géing hien do um Enn dann awer net verstoen.

De President vun der Horesca, Alain Rix, huet sech dogéint doriwwer opgereegt, wéi d'Dikrecher Hotelschoul zu hirem neien Direkter komm ass. Esou hätt d'Horesca, déi Ugangs vum Educatiounsminister an de Choix mat agebonne gi wier, dat hei net verstanen, sot en enttäuschten Alain Rix an engem Interview am Virfeld vun der Assemblée Générale.

AUDIO: Extrait Alain Rix

D'Horesca bedauert, dass op eemol guer net méi geschwat gi wier. Et wier nämlech ni gutt, wann e Staatsapparat op emol den Dialog géing ofbriechen, fënnt den Horesca President.