D'Decisioun ass gefall: D'Claudia Monti gëtt wéi erwaart neien Ombudsman an domadder Nofolgerin vum Lydie Err, déi den 23. Abrëll an d'Pensioun geet.

D'Affekotin, déi fir d'DP mat an déi lescht Europawahle war, ass en Dënschdeg de Mëtteg mat enger grousser Majoritéit an engem geheime Vote an der Chamber op hiren neie Posten als "Knouterfra" nominéiert ginn: 35 vu 54 Deputéiert hu fir si gestëmmt.

Déi aner 4 Kandidaten hate keng Chance: De Jan Kayser krut 9 Stëmmen, d'Cathrine Thomé der 4. Fir d'Christiane Weidenhaupt huet een Deputéierte gestëmmt an de Luc Aniset huet keng Stëmm kritt.

5 Volleksvertrieder hunn e wäissen Ziedel ofginn.

De fréiere President vum Fonds de logement Daniel Miltgen hat seng Kandidatur bekanntlech zeréckgezunn.