1 Millioun Euro fir nei visuell Identitéit

De Logo vun der Police soll op allen Uniformen, Autoen awer och Gebaier ersat ginn.
Bis déi lescht Woch konnte Marketingagencen hiren Dossier mam neie Logo erareechen. Déi Dossiere ginn an den nächste Wochen analyséiert.
Ëmmer méi Entreprisen an Institutiounen investéieren an de Re-Branding. Esou och d’Police, déi an Zukunft eng nei visuell Identitéit kritt. D’Zil, ass et d’Police nach méi visibel ze maachen, betount de Porte-Parole vun der Police, Frank Stoltz.
Donieft, huet ee wëlles, déi nei Visioun nach besser ervirzesträichen. Fir déi nei visuell Identitéit ze gestalten, hat d’Police dann och virun kuerzem eng Ausschreiwung gestart.
Bis d’lescht Woch, konnte Marketingsagencen hir Dossieren erareechen. Déi verschidde Logoe wäerten dann an deenen nächste Wochen analyséiert ginn. Fir déi nei Campagne krut d’Police e Budget vun 1 Millioun Euro zu Verfügung gestallt, erkläert hire Porte-Parole Frank Stoltz.
Dee Budget geet awer net op Käschte vun anere Saachen, déi d'Police brauch oder keeft. Wann d'Police also elo en neie Logo fir eng gewëssen Zomm kritt, heescht dat net, datt een elo manner Munitioun kéint kafen.
Wann deen neie Logo an Zukunft bis erausgesicht ass, soll dësen op alleguerten den Dokumenter, Uniformen, Ween a Kommissariater ausgewiesselt ginn. Och op audiovisuellem Niveau soll et Ännerunge ginn.
De neie Logo soll virun allem d’Visioun vun der Police erëmspigelen. An zwar datt een eng Police ass an de Bierger weess, datt hie sech un all Beamte ka wenden, fir gehollef ze kréien. De Bierger soll och wëssen, datt hien iwwerall de selwechte Service gebuede kritt. Do gouf jo scho viru kuerzem domadder ugefaangen, dat visibel ze maachen. Sou goufe jo verschidde Kommissariater zesumme geluecht a sinn doduerch méi laang op. Dëst wier dann och ee vun den Elementer vun där neier Visioun, esou de Frank Stoltz.
Laangzäit huet d’Police op senger Internetsäit ee “commissariat virtuel” ugebueden, wou sech d’Bierger mat hiren Informatiounen adresséiere konnten. Déi Maile goufen dann ëmmer un déi néideg Unitéite weider geleet. An Zukunft, soll dëse Service awer weider ausgebaut ginn. Et wëll een de Leit d'Méiglechkeet ginn, fir verschidden Demarche komplett online ze maachen. Zil ass et, datt een iergendwann op de Punkt kënnt, datt d'Leit och eng Plainte online kënne maachen. Dofir wëll een eng Selektioun vu Plainte virgesinn. Wéi eng genau, muss een nach kucken.
D’Internetsäit wäert un de neie Branding ugepasst ginn, esou nach de Porte-Parole vun der Police.