Den Dënschdeg gouf um Nationalcomité vum OGBL iwwert d'Verhandlungen an d'Streikpreparatioune geschwat.

Am Sozial- a Fleegesecteur steet eng Katastroph virun der Dier, spréch e Streik. Dat sot op mannst emol den OGBL-President um Dënschdeg Nomëtteg nom Nationalcomité vun der Gewerkschaft. D’Patronat aus dem Secteur géif d’Verhandlungen iwwer en neie Kollektivvertrag blockéieren, woubäi eng Opwäertung vun de Karriären néideg wär, sou den André Roeltgen. Den Dënschdeg hätt een dem zoustännege Syndikat dofir gréng Luucht ginn, fir mat de Streikpreparatiounen unzefänken.

Erstaunt sot sech de President vum OGBL donieft iwwert d’CSV. Et wéilt een net zréck an d’Austeritéitspolitik vun de Juncker/Frieden-Joren. Déi gréisst Oppositiounspartei hätt awer genee dat e Samschdeg op hirem Kongress an Aussiicht gestallt.

D’Fleegeversécherung, de Mindestloun, e Gesetz géint d’wirtschaftlech Entloossungen an d’Zréckzéie vum Gesetzprojet iwwert d’Formation professionnelle: Ënnert anerem op deene Punkten huet den OGBL am fréien Nomëtten, nëmme Stonnen no sengem Nationalcomité vun dem Dënschdeg, en Appell un d’Regierung lancéiert.

De President André Roeltgen huet gemengt, et misst ee rout-blo-gréng op deene Gebidder an d’Gebiet huelen, och wann d’Parlamentswahlen nach wäit ewech wären.

Méigleche Streik: Reportage Eric Ewald

Bei der Fleegeversécherung géif een net gesinn, dass d’Aféiere vun engem Stufemodell Sënn mécht. Dat wär de falsche Wee a géif éischter Leeschtungsverschlechterungen no sech zéien, sot den OGBL-President, deen direkt dono eng Campagne fir besser Léin annoncéiert huet.

"Mir hunn d'Schéieren, déi ëmmer méi ausernee ginn an déi Ënnescht profitéieren ëmmer manner vun der allgemenger Produktivitéitsentwécklung hei zu Lëtzebuerg. D'Inegalitéite gi permanent an d'Luucht.", esou den André Roeltgen.

Hien huet an deem Kontext d’Fuerderung no enger Hausse vum Mindestloun ëm 10% widderholl, et bestéing Handlungsbedarf an et misst elo eppes passéieren.

Zu den ugekënnegten Entloossunge bei John Zink war et dës Ausso vum President vum OGBL:

"Wou probéiert gëtt, Leit aus sougenannte wirtschaftleche Grënn ze entloossen, sinn a bleiwe mir der Meenung, datt et um Niveau vum Gesetz net duergeet. Just well iergendeng Gewënnmarge méi kleng gëtt, datt dat e Grond ka sinn, e valabelt Motiv ass, fir Leit aus ekonomesche Grënn ze entloossen."

Beim Hotel Alfa hätt een et da mat 74 Leit ze dinn, déi zwar net entlooss gi wieren, mee och keng Paie géinge kréien. Déi Situatioun wier einfach inakzeptabel. Hei misst ee kucken, dass déi Betraffen entweder hir Plaze behalen oder awer anerwäerts ënner Daach komme kéinten.

Wat d’Kollektivvertragsverhandlungen um Bau ugeet, géif d’Patronat refuséieren ze verhandelen, wat den André Roeltgen rose mécht.

Donieft war et d’Annonce, dass de politeschen 1. Mee vum OGBL de 27. Abrëll zu Diddeleng ass.