CSV huet ë.a. bedauert, dass wéinst der Hausse vun der TVA op den Zweetwunnengen d'Präisser an de leschten 3 Joer weider eropgaangen wären.

D'Stad huet an de leschte 50 Joer net genuch gemaach, fir den néidege Wunnraum ze schafen. A Saache Logement huet se  lamentabel versot, heescht et bei der CSV.

Virum Hannergrond vun der Entwécklung vun der Populatioun hätten an der Stad tëscht 2007 an 2013 ronn 8.700 Wunn-Unitéite misse geschafe ginn also ronn 1.740 d'Joer. Do hätt een an der Moyenne awer ronn 1.000 Unitéiten drënner geleeën.

AUDIO: CSV üübt Kritik u Logementspolitik / Reportage Eric Ewald

Déi Chrëschtlech-Sozial hunn an deem Kontext och eege Virschléi presentéiert.

Wann déi Lénk elo fir d'Schafe vun enger nationaler Wunnengsbaugesellschaft sinn, da wär d'CSV dat schonn eng Zäitchen, sot den Deputéierte Marc Lies. Dat wär eng Fuerderung déi d'CSV schonn e puer Joer hätt an zu där géing och nach ëmmer stoen. Et solle méi Acteuren, wat d'Promoteurs publics uginn, op de Maart kommen.

Am Kader vum „Plan sectoriel logement“ wär d'CSV donieft fir sougenannt Projets d’envergure gewiescht. Iwwert dee Wee kéinten eng 520ha neit Bauland op de Maart kommen. Dat wäre Plus Minus 17.000 Wunnenge gewiescht an dovunner sollten 30 Prozent vun de Wunnengen iwwert d'Promoteurs publics realiséiert ginn.

D'Gemengen, déi méi maache missten, wäre wichteg Partneren am Wunnengsbau, a besonnesch d'Stad misst hei eng Haaptroll iwwerhuelen, housch et bei de Chrëschtlech-Sozialen. Et wéilt een, dass méi Leit an d'Stad wunne kommen, ma dofir bräicht et ganz vill nei Wunningen. Wann d'Haaptstad 2030 150 bis 165.000 Awunner soll hunn, misst méi gebaut ginn, awer och méi, wat d'Leit sech leeschte kéinten. D'Stad dierft sech net just op d'Baulücke konzentréieren an de Wunnengsmaart net private Promoteuren iwwerloossen, mä selwer aktiv ginn am Bauen, huet de Serge Wilmes gefuerdert. Prioritär sollt op gréissere Fläche gebaut ginn, déi et nach gëtt, um Kierchbierg an am Weste vun der Stad.

Dem Deputéierten an CSV-Spëtzekandidat fir d'Gemengewalen an der Stad säi Resumé fält esou aus: D'CSV hätt gären, dass Stad hir Verantwortung iwwerhëlt, dass se selwer Suen an d'Hand hëlt an dass se hiert Personal notzt, fir als Promoteur public opzetrieden.