De Foyer fir Flüchtlingen zu Esch/Lalleng

“Et ass eis net egal, wat mat de Leit an där Struktur geschitt, an et ass eis net egal, wat de Quartier dozou seet!”, sou déi Escher Buergermeeschtesch.
D’Diere vun der Struktur an der fréierer Ediff-Schoul sinn nämlech scho viru ronn zwee Méint opgaangen, an eng Rëtsch vun deene ronn 200 bis 250 Leit, déi sech an de vill ze klenge Festsall vun der Lallenger Sportshal gedréckt hunn, hunn dann och vun engem Manktem u Kommunikatioun geschwat.
E Manktem u Kommunikatioun, deen nieft dem Vera Spautz, déi iwwregens net zesumme mat de Ministere Corinne Cahen an Dan Kersch um Podium souz, och d’Regierungsmembere selwer bedauert hunn. D’Buergermeeschtesch vun Esch huet erkläert, dass de Refugiesfoyer Quai Neiduerf am Laf vum nächste Joer soll fäerdeg ginn; iwwert deen an der Ex-Ediff hätt een iwwregens eréischt no engem Telefonsgespréich mam Olai-Direkter Informatioune kritt.
An dëser Struktur liewen de Moment eng 100 Leit, huet d’Corinne Cahen betount. Et kéint een awer bis op 162 Persounen eropgoen.
An zwar Jonggesellen, ënnert hinnen och net begleete Mannerjäereger, sou d’Familljeministesch, där de Public d’Ausso, de Policehelikopter wär e Sonnden do gewiescht, fir engem Flüchtling ze hëllefen, dee sech eppes undoe wollt, net sou richteg ofgeholl huet. Wat d’Jonggesellen ugeet, wären et Leit vun all Alter an aus ville Géigenden, sou d'Ministesch. No der provisorescher Flüchtlingsstruktur kënnt d’Policeschoul an d’Ex-Ediff, huet den Dan Kersch ugekënnegt. Dem Inneminister no gëtt et fir d’Flüchtlingen och keng Extrawurschten. Wann ee géif mierken, datt eppes net géif goen, géifen déi Moyenen ugewannt ginn, déi och fir jiddereen aneren am Grand-Duché géife gëllen. Dat heescht een, dee kriminell gëtt oder sech net un d’Gesetzer hält, géif d’selwecht haart bestrooft ginn, wéi all aneren am Land. Woubäi d’Familljeministesch ënnerstrach huet, dass ee sech och an d’Lag vun dëse Leit misst eraversetzen. Et misst ee sech d'Fro stellen, wéi eng Famill e mannerjärege Jong wéilt op d'Rees schécken, wann net hien oder seng Famill an akuter Liewensgefor wären. Däers misst ee sech ëmmer bewosst sinn.
Zum Enn vun der Versammlung vu bal zwou Stonnen zou huet den Inneminister nach e Versprieche gemaach: Deen Dag, wou d'Neiduerf géif opgoen, géif d'Ediff zoumaachen. Dëst wär mam Gemengerot ofgemaach an doru géif ee sech och halen.
Wourun d’Buergermeeschtesch d’Ausso geknäppt huet, dass am Neiduerf parallel zur Flüchtlingsstruktur géif geplangt ginn, och Wunnenge fir Lëtzebuerger ze bauen.