D’Ouschtervakanz bedeit fir d’Schüler vu 1ère an 13ème net nëmmen léieren.

AUDIO: Student fir een Dag/Rerportage Monica Camposeo

Wéi all Joer profitéiert och d’Acel vun dëser Vakanz, fir de Schüler verschidden Unisstied ronderëm Lëtzebuerg ze weisen. Student fir een Dag sinn a seng Froen a Suergen lassginn, dat ass de But vun dëser Initiativ. Zanter 13 Joer organiséiert d’Acel d’Manifestatioun “Student fir 1 Dag”.

Am Ganzen hunn sech dëst Joer ronn 230 Leit fir déi 13 Stied ugemellt, déi an zwou Wochen besicht ginn. 39 Leit si mat op Köln gaangen. An de Projet bréngt eppes, weess den Eric Manderscheid, President vum Studentencercle vu Köln.

Nach bis den 22. Abrëll ginn Ausflich organiséiert. Ënnert anerem stinn déi nächst Wochen, Léck a Karlsruhe um Programm. Umellen kann ee sech op der Internetsäit www.acel.lu.