An der Maach ass jo en neit Gesetz fir den Déiere-Schutz. En Thema, wat jo ëmmer nees fir Diskussiounen a Polemik suergt.

Um Dënschdeg den Owend hat de Mouvement Ecologique op eng Diskussioun invitéiert, un där och Schwäizer Experten deelgeholl hunn.

Do ass et esouwuel ëm Déierenhaltung, wéi awer och ëm d'Chancen fir d'Landwirtschaft gaang. Och de Mouvement Ecologique engagéiert sech hei ganz staark.

Eng Reportage vum Christophe Hochard

RTL