VIDEO: Lipödem
De laange Wee vun de Betraffenen: Wat gëtt et Neies?
De laange Wee vu Lipödem-Betraffenen: Wat gëtt et Neies?
Lipödem-Patientinnen ginn dacks als "fett" ofgestempelt. Dofir kënnen se mol näischt fir hir déck Been an Äerm. Fir vill Fraen de leschten Auswee: eng OP!
Grad elo wou et dobaussen erëm méi waarm gëtt, freeë sech vill Leit drop kuerz Kleedung unzedoen oder an d’Schwämm ze goen.
Ganz normal Aktivitéiten, déi awer fir vill Fraen mat Lipödem tabu sinn, well si sech fir hiren Kierper schummen! Eng laang Zäit war iwwert dës Krankheet, duerch déi d'Been an d'Äerm ëmmer méi déck ginn, net vill gewosst.
Mee elo kritt se ëmmer méi medial Opmierksamkeet. Och mir hu schonn am Februar en 1. Reportage zum Thema Lipödem gemaach an eng betraffen Fra op hirem Leidenswee begleet.
VIDEO: Reportage: de Leidenswee vu Lipödem-Patientinnen
Et ass eng Krankheet iwwert déi eng laang Zäit net geschwat gouf: Lipödem.
Mee wat ass zanterhier geschitt? Wat huet sech beim Remboursement vu Behandlungskäschten gedoen?

Eng Reportage vum Vido Kuzmic
Am meeschte gelies