Zu Wolz hate sech dëst Joer nees méi wéi 25.000 Leit afonnt, fir bei d'Denkmal vun der Muttergottes vu Fatima ze pilgeren.
Dëst ass op der Héicht vun der Stad Wolz. Déi meescht Pilger si Gleeweger aus der Portugisescher Communautéit.
Dëst Joer gouf et e speziellen Highlight. Dat hat zwee Grënn. Dëst Joer ass de 50. Anniversaire vun der Pressessioun zu Wolz. Donieft ass et och den 100. Joresdag vun der Erscheinung vun der Muttergottes zu Fatima (a Portugal). Dat Besonneschst un der Pressessioun war dowéinst dëst Joer, dass eng original Replik vun der Fatima Statu op Lëtzebuerg komm ass. Am Ganze ginn et der just 13, déi an der ganzer Welt ënnerwee sinn.
D'Statu war e Méindeg mam Fliger aus Portugal hei ukomm an op den Cents an d'Kierch gefouert ginn, wou se prett gemaach ginn ass, fir den Depart op Klierf, en Dënschdeg de Moien.
Mat dobäi war um Donneschdeg och de portugisesche President Marcelo Rebelo de Sousa. En Dënschdeg an e Mëttwoch war de President op Staatsvisite am Grand-Duché, um Donneschdeg huet hien als Privatpersoun un de Feierlechkeeten deelgeholl. Och de Grand-Duc Henri war en Donneschdeg zu Wolz present.

© Tom Peeters
Hei nach emol den Artikel vun der Staatsvisite vum de Sousa zu Lëtzebuerg fir nozeliesen:
Portugisesche President op Visite zu Lëtzebuerg
Fotoe vun der Staatsvisite: