D'Europäesch Kommissioun warnt: geschwë kéinten Antibiotike keng Wierkung méi géint verschidde Bakterien hunn.

Bis 2050 kéinten 10 Millioune Mënsche pro Joer ëm d'Liewe kommen, well d'Bakterien géint Antibiotike resistent sinn, sou d'Zuele vun der EU-Kommissioun.

Et ass gewosst, wéi dës Resistenzen entstinn. Wann Antibiotiken ze vill oder falsch agesat ginn an d'Bakterie sech lues a lues un hir Géigner upassen, entsti Resistenzen. Ëmmer méi Bakterië si resistent géint eng oder méi Zorte vun Antibiotiken. Fir betraffe Leit heescht dat ënner Ëmstänn, dass hinnen net méi oder nëmmen nach schwéier ka gehollef ginn.

Wéi kann dëse geféierlechen Trend gestoppt ginn? Bei där Fro sinn och d'Science gefuerdert.

Wéi d'Wëssenschaftler mat dëser Situatioun ëmginn, gesitt Dir am Reportage vum Pierre Jans.