Géint 11 Auer e Freideg de Moien huet den Himmel iwwer Lëtzebuerg seng Schleisen opgemaach an huet relativ séier fir Problemer gesuergt.

Am Raum Leideleng, Riedgen si bannent der leschter Stonn bis zu 60 Liter de Metercarré erofgaang, ëmmerhin sou vill, wéi fir de ganze Juni am Duerchschnëtt gerechent gëtt. Kuerz drop ass dee Wäert nach emol geklommen op 72 Liter de Metercarré an huet sech op d'Regioune Betten-op-der-Mess, Dippech, Elleng, Kockelscheier, Lampech a Recken-op-der-Mess ausgebreet.

VIDEO: Meteo Extrem
Uechtert Land koum e Freideg immens vill Reen erof...

Dee ville Reen huet dunn och fir e Virfall bei der Citabel zu Leideleng gesuergt, bei deem ee vu Gléck am Ongléck schwätze kann. Den Deel vum Daach bei de Keesen huet dat villt Waasser net gepackt a gouf agedréckt. Et blouf beim Materialschued.

VIDEO: Ze vill Reen fir den Daach vun der Citabel
Ënnert der Laascht vum ville Waasser huet e Freideg de Mëtteg den Daach vun der Citabel noginn...

© RTL Télé Lëtzebuerg / Domingos Oliveira

© RTL Télé Lëtzebuerg / Domingos Oliveira

D'Kanalisatioun an där Géigend huet elle mam ville Reen ze kämpfen.

Um Lampertsbierg war um 12:04:03 Auer en haarde Knall ze héieren. Hei huet et sech ëm e Blëtz, mat enger stäerkt vu 7kA, Kilo Ampère, deen ageschloen huet, gehandelt.

© kachelmannwetter.com/lu/

D'CITA huet iwwerdeems virun Aquaplaning-Gefor op der Escher A4, am Beräich Stad-Leideleng, gewarnt. Et géif op där Plaz och scho massiv stauen. Och um Gaasperecher Kräiz an op der Diddelenger A3, op der Héicht vun der Aire de Berchem, leeft den Trafic méi lues wéinst dem ville Waasser op der Strooss.

Op der Areler A6, tëscht dem Zéissenger an dem Gaasperecher Kräiz, ass d'Vitesse a béide Richtungen op 90 km/h limitéiert. Do ass jo en neie Belag geluecht ginn.

D'Automobiliste sollen d'Vitesse de Wiederkonditiounen upassen!

© RTL Mobile Reporter / Heirandt Joëlle

Procédure Alerte MeteoLux lancée le:02/06/2017 à 14:20:11.
Vigilances MeteoLux: Alerte Orange. Orage avec possibilité de grêle de 1 à 3 centimètres et/ou rafales de 90 à 110 kilomètres par heure et/ou pluie de 25 à 35 litres au mètre carré en 1 heure, pour tout le pays.
Valide pour l'échéance du: 02/06/2017 14:00 au 02/06/2017 23:30.