D'Zuel vun de Flüchtlingen huet 2016 den héchste Stand erreecht, dee bis elo registréiert gouf.

No Informatioune vun de Vereente Natiounen ware weltwäit ronn 66 Milliounen Mënschen op der Flucht.

Um Dënschdeg also dem Weltflüchtlingsdag kënnt vun iwwerall a besonnesch vun den Hëllefsorganisatiounen den Opruff zu méi humanitärer Hëllef. Zu Lëtzebuerg ass et de Flüchtlingsrot, deen un d'Regierung appelléiert, fir bei der Integratioun vun de Flüchtlingen endlech méi ze maachen.

AUDIO: Lëtzebuerger Flüchtlingsrot: De Reportage vum Eric Zeniti.

Den Accueil vun de Refugiéen ass eng Saach, gutt geréiert vun der Regierung, fënnt och de Flüchtlingsrot. Mä d'Fro hannen drun wär d'Integratioun vun dëse Leit. Den LFR bedauert staark, datt d'Integratioun fir d'Regierung nach ëmmer keng Prioritéit ass.

Eng Plaz fir ze schaffen ass och e wichtegt Integratioun-Mëttel. Den LFR géif et begréissen, wann d'Regierung d'Mesure géif ëmsetzen, mat där all Flüchtling no 6 Méint, wann en an der Asyl-Prozedur ass, ka schaffe goen.

De Flüchtlingsrot wäert op alle Fall net opginn, seng Stëmm ze hiewen.

En neien Internet-Site den LFR.LU soll och mat hëllefen d'Aarbecht, d'Missioun an d'Memberen dobausse méi bekannt ze maachen, am Sënn vun de Rechter vun de Refugiéen.