Andréck aus der ziviller Feier an der Philharmonie, an där de Premier, de Chamberpresident an de Grand-Duc geschwat a Matmënschen ausgezeechent hunn.

Um Freideg de Moie war et ewell déi 4. Kéier, datt eng offiziell Zeremonie fir den Nationalfeierdag ofgehale gouf. Déi éischt war jo, nom Regierungswiessel, am Groussen Theater, duerno ass een dann an d'Philharmonie op de Kierchbierg gewiesselt.

VIDEO: Nationalfeierdag 2017: Offiziell Zeremonie @ Philharmonie
RTL Spezial ass déi Emissioun, an där wichteg Evenementer couvréiert ginn.

Laanscht d'Arméi-Musek an de Lëtzebuerger Fändel sinn d'Gäscht iwwert e rouden Tapis um Parvis an d'Gebai eragaangen.

Do huet den OPL gespillt an de Premier Xavier Bettel an de Chamberpresident Mars Di Bartolomeo hunn d'Wuert ergraff.

AUDIO: Nationalfeierdag: Zivil Zeremonie - Rep. Nadine Gautier

Béid Politiker sinn op d'Bedeitung vun der Geschicht fir eist Land agaangen an hunn och d'Bedeitung vun Europa fir eist Land ënnerstrach. A si hu fir Responsabilitéit an Toleranz plädéiert.

VIDEO: Nationalfeierdag 2017: Ried vum Premier ...
... am Kader vun der offizieller Zeremonie an der Philharmonie.

Fête nationale 2017
Cérémonie officielle à la Philharmonie Luxembourg
Discours du Premier ministre, ministre d'État
Xavier Bettel

Monseigneur,
Här Chamberspresident,
Dir Dammen an Hären Deputéiert,
Léif Regierungskollegen,
Dir Dammen an Dir Hären,

Mir sinn haut hei zesumme fir eist Land ze feieren, fir eis un eis Geschicht ze erënneren an eis Gedanken iwwert d'Zukunft ze maachen. Mir denken un déi Generatiounen, déi virun eis waren a mir sinn dankbar fir hir Kraaft, fir hir Iwwerzeegung, hiren Asaz an hir Bereetschaft fir Fridden a Fräiheet ze kämpfen.

Eisen Nationalfeierdag gëtt eis d'Geleeënheet fir den Alldag een Ament rouen ze loossen a fir eis ze froen, wat mer sinn, wat eis ausmécht, a wéi engem Land mir haut liewen an a wéi engem Land mer wëllen, dass eis Kanner an Enkelkanner grouss ginn. Lëtzebuerg ass haut onofhängeg, eegestänneg a fräi. Mir sinn als Land e Wee gaangen, dee mat Momenter stengeg a schwiereg war. Mir sinn awer och e Wee gaangen, deen eis gestäerkt huet. Lëtzebuerg ass haut e staarken a verlässleche Partner. Dat kënnt net vun ongeféier. Et goufe Kräizungen an eiser Geschicht, wou d'Generatioune virun eis e gewëssene Wee ageschloen hunn. Et gouf sech gestäipt an et si couragéiert Decisioune geholl ginn.

Haut ass och den Dag wou mer eis Dankbarkeet weisen an eise Respekt fir all déi Lëtzebuerger, fir all déi Mënschen, déi an der Vergaangenheet eis Wäerter, eis Geschicht an domadder och eis Zukunft matbestëmmt hunn.

Haut läit et an eisen Hänn.

Et sinn d'Decisioune vun haut, déi den Alldag vu muer bestëmmen. Mir si gehalen iwwert eist eegent Liewen eraus ze kucken an eis net nëmme mat eis selwer, mee och mat deenen aneren ze beschäftegen an un dat ze denken, wat nach wäit ewech läit. Et sinn d'Decisiounen am Klengen an am Groussen, déi bestëmmen a wéi engem Land mir an Zukunft liewen. Et mécht en Ënnerscheed, wéi mer eis an eisem Alldag verhalen a wat mir eise Kanner an Enkelkanner virliewen, wéi mer mat eise Matmënschen a mat eisen natierleche Ressourcen ëmginn.

Haut ass also och den Dag, wou mer eis bewosst maachen, dass mer eng Verantwortung hu vis-à-vis vun deenen, déi no eis kommen. Et ass dacks schwéier wäit am Viraus ze denken a mir sinn och net eleng mat eisen Decisiounen. Mir sinn ugewisen op eis Partner an Europa an am Rescht vun der Welt.

Monseigneur,
Dir Dammen an Dir Hären,

An deenen nächste Méint a Jore komme grouss Decisiounen op eist Land duer. Mir liewen an enger Zäit, wou an Europa d'Kaarten nei gemëscht ginn. De Prozess mat deem Groussbritannien d'Europäesch Unioun soll verloossen, huet definitiv ugefaangen. Et kann haut nach kee mat Sécherheet soen, wéi dee Prozess wäert ausgoen, mee et steet fest, dass d'EU an deenen nächsten zéng Joer wäert anescht sinn, ewéi an deene leschten zéng Joer. Gläichzäiteg hu mer awer och eng Chance, eng Geleeënheet fir eis op dat ze besënnen, wat eis wierklech matenee verbënnt an eis staark mécht. An dësen Zäiten, an deenen d'Weiche fir d'Zukunft vun eisem Kontinent gestallt ginn, leescht Lëtzebuerg weiderhinn e konstruktive Bäitrag an Europa, am Interêt vum Land a vu senge Bierger.

Mir sti virun Erausfuerderungen, déi mer musse meeschteren. An Europa an heiheem. All Persoun am Chômage an all Jonken, deen d'Schoul ouni Ofschloss verléisst, soll eis beschäftegen a mir mussen a mir wëllen eis deenen Erausfuerderungen och stellen. Mir wëlle keen am Stach loossen an d'Problemer ugoen, déi mer mussen ugoen. Grad an engem Land, wou et deene meeschte Leit éischter gutt geet, hu mer als Gesellschaft eng Verantwortung fir no deenen ze kucken, déi et méi schwéier hunn.

Haut op Nationalfeierdag wëlle mer eis awer och bewosst sinn, dass mer eng grouss Chance hunn op engem Kontinent an an engem Land ze liewen, wat iwwer Joerzéngte vu Krich a groussem Misär verschount gouf, wou d'Liewensqualitéit héich ass, wou mer Perspektiven hunn a mat Zouversiicht kënnen no vir kucken. Haut op Nationalfeierdag wëlle mer och feieren an eis op dat besënnen, wat mer hunn a wat mer sinn.

Vive eise Grand-Duc
Vive déi groussherzoglech Famill
a vive eist Land

VIDEO: Nationalfeierdag 2017: Ried vum Chamberpresident ...
... am Kader vun der offizieller Zeremonie an der Philharmonie.

Fête nationale 2017
Cérémonie officielle à la Philharmonie Luxembourg
Discours du président de la Chambre des députés,
Mars Di Bartolomeo

Altesses Royales,
Här Statsminister,
Kolleeginnen a Kolleegen aus der Chamber an der Regierung,
Exzellenzen,
Dir Dammen an Dir Hären,
Léif Matbiergerinnen a Matbierger,

Virun e puer Woche war de President vum däitsche Bundestag, den Norbert Lammert, op Besuch zu Lëtzebuerg. Wéi mir mat him "The bitter years", d'Ausstellung vum weltbekannte lëtzebuergesch-amerikanesche Fotograf, dem Edward Steichen, am Waassertuerm zu Diddeleng kucke waren, huet mech de folgende Saz vum Edward Steichen beandrockt.

Hie seet sënngeméiss: "Ech gleewen, datt et gutt ass, haut u batter Joren aus eiser Vergaangenheet erënnert ze ginn a se an d'Bewosstsinn vun den haitege Generatiounen ze bréngen, déi hir eege Problemer hunn, mä sech net bewosst sinn, mat wat fir enger Kraaft an Entschlossenheet hir Virgänger aus der grousser Depressioun an en neien Opbroch iwwergaange sinn."

De Steichen erënnert eis domat drun, datt mär en "Devoir de Mémoire" hunn, mä net däerfen doran hänke bleiwen. Mir hunn eng Verflichtung, fir d'Zukunft zesumme mat deene jonke Generatiounen virzebereeden, déi mech ëmmer erëm mat hirer Spontanéitéit an hirem Können impressionnéieren, esou wéi elo dëser Deeg bei engem gemeinsame Projet tëscht Chamber a "Lycée des Arts et Métiers".

Mär hunn dëst Joer zwee fir eist Land ganz wichteg Jubiläe gefeiert:

- 150 Joer Londoner Verträg, deene mär dat Lëtzebuerg vun haut an d'Visitt vun der Herzogin Kate verdanken. Mat de Londoner Verträg hu mär zwar eng Festung verluer, mä mär hunn en oppent Land ouni Mauere gewonnen.
- 60 Joer Verträg vu Roum, déi eis d'Europäesch Unioun bruecht hunn. Der Europäescher Gemeinschaft verdanke mär Fridden, Fräiheet, Demokratie an eng kaum fir méiglech gehale wirtschaftlech Entwécklung.

Fir eis ass dat haut selbstverständlech, eis Kanner hunn ni eppes anescht kannt. Anerer beneiden eis awer dofir a géife gär mat eis tauschen.

Richteg bewosst ginn, ass dat mär virun enger gudder Woch, wou mär als kleng Lëtzebuerger Chambersdelegatioun op offiziellem Besuch a Lettland waren.

Firwat ech grad vun där Visitt schwätzen? Ma well ech mengen, datt et sënnvoll ass, ze héieren, wéi anerer eis gesinn.

"Wat hutt Dir eng Chance", soten eis Gespréichspartner, "Dir braucht keng Angscht méi ze hunn, datt e groussen Noper Iech géif bedroen. Dir sidd e Beispill fir en harmonescht Zesummeliewe vu villen Nationalitéiten. Är Ekonomie ass erfollegräich an Äre Sozialsystem generéis. Dir sidd e Virbild fir eis!"

Ech weess, datt elo Eenzeler mär wäerte soen, ech soll net mat deem Auslandsargument kommen, mär wäre schliisslech zu Lëtzebuerg an esou Vergläicher géifen näischt daachen.

Ech bleiwen awer derbäi, datt et wichteg ass, sech bewosst ze sinn, wou mär hierkommen an et gradesou wichteg ass, d'Realitéiten iwwer eis Grenzen eraus ze kucken.

Dat dierft eis jo eigentlech net schwéierfalen, well vill vun eis, meng Grousselteren och, vun do kommen. Déi vill verschidden Originnen gehéieren zu der Lëtzebuerger DNA, grad wéi an der Tëschenzäit déi net-Lëtzebuerger Nimm vu Buergermeeschteren, Ministeren a Chamberspresident.

Ech begréissen dofir och déi grouss Responsabilitéit, mat där d'Politik un d'Reform vum Nationalitéitegesetz erugaang ass, dat Ufank vum Joer mat enger grousser Majoritéit gestëmmt gouf, an dat zur Stäerkung vun der Kohäsioun hei am Land wäert bäidroen.

Altesses Royales,
Exzellenzen,
Dir Dammen an Dir Hären,

De Jubiläum vun de Verträg vu Roum huet eis drun erënnert, datt Europa deemools eng Äntwert op Krich, Diktatur an Nokrichsnout war.

Haut musse mär grad esou couragéiert Äntwerte wéi eis Virgänger op déi nei, déi haiteg Erausfuerderunge ginn.

Mär mussen eis den Ongläichheeten, Ongerechtegkeeten an Diskriminatioune stellen.

Mär däerfen dobäi net vergiessen, datt een, deem et net esou gutt - oder souguer schlecht - geet, deen u sech formidabele Projet Europa net esou positiv gesäit, wéi een, deem et ganz gutt geet.

Mär mussen eis konkret Prioritéite ginn, déi no bei de Suerge vun eise Leit sinn, an déi solidaresch ugoen. Dobäi däerf kee vergiessen, datt Europa en Austausch vu Ginn a Kréien, also kee "sens unique" ass.

Wat fir Europa gëllt, ass och fir eis net falsch. Mär musse sensibel fir d'Suerge vun eise Leit bleiwen, däerfen et net zouloossen, datt eng Majoritéit eng Minoritéit ofhänkt.

Eng gutt Aarbecht, en Daach iwwert dem Kapp, eng Schoul fir d'Zukunft, eng universell Gesondheets- a Sozialversuergung an eng gerecht Verdeelung vun eisem Räichtum, mussen absolutt Prioritéit bleiwen, grad wéi den oppene Geescht an dat oppent Häerz fir déi, déi bei eis uklappen, well se an Nout sinn.

Altesses Royales,
Léif Éieregäscht,
Dir Dammen an Dir Hären,

Mär liewen an enger Zäit, wou d'Kommunikatioun omnipräsent ass, méi schnell an och oft méi iwwerflächlech a méi rau ginn ass.

Haut fënnt een a munchen Aussoen a verbalen Attacken oder Deviatiounen - souguer an den héije Sphären - Elementer vu psychologescher Krichsféierung erëm.

Ech war ëmmer der Meenung, datt eppes, wat iwwerdriwwen oder exzessiv ass, bedeitungslos wier. Well awer verbal an iwwerstierzt geschriwwen oder gezwitschert Entgleisungen ëmmer méi zouhuelen, hunn ech meng Meenung geännert.

Esou "Stëmmen" an "Stëmmungen" mussen eeschtgeholl ginn an et muss een hinne widderspriechen. Wa rout Linnen iwwerschratt ginn, muss ee sech dogéint wieren, mat Argumenter, mat Determinatioun, mat enger gieler Kaart an, wann et si muss, mat enger rouder Kaart.

Et muss ee mam gudde Beispill virgoen, a besonnesch och als öffentlech Persounen op seng Ausdrocksweis uecht ginn. En nervöse Fanger kann e waakregt Gehir net ersetzen!
A wa mär scho bei der Kommunikatioun sinn, géif ech mär wënschen, datt mär deem ville Positiven, wat mär zesumme geleescht hunn, op d'mannst gradesou vill Bedeitung géife ginn, wéi deem manner Positiven, op dat mär nach Äntwerten ze liwweren hunn.

Am léifsten zesummen, an engem konstruktive Geescht.

Vive de Grand-Duc!
Vive déi groussherzoglech Famill!
Vive eist Land a vive Europa!

VIDEO: Nationalfeierdag 2017: Offiziell Zeremonie - Resumé
D'Schlësselmomenter vun der Feier an der Philharmonie.

ÉIERUNGEN

Ee vun den Highlighte war wéi all Joers d'Auszeeche vu Mënschen, déi besonnesch Verdéngschter opweises hunn. Dat waren dëst Joer och nees Leit aus ville verschiddene Beräicher. De Premier huet si op d'Bühn geruff an de Grand-Duc huet se ausgezeechent (kursiv déi jeeweileg Erklärunge vum Xavier Bettel):

AUDIO: Nationalfeierdag: Auszeechnungen (Resumé)

Associations caritatives et humanitaires

"Vill Lëtzebuerger engagéiere sech fräiwëlleg bei caritativen an humanitären Associatiounen. Stellvertriedend fir si alleguer kommen elo zwou Dammen op d’Bühn", esou de Premier.

• L'association «Aide à l'enfance de l'Inde» en la personne de Liliane Ries-Leyder, présidente
chevalier, ordre de la Couronne de chêne

1967 hunn e puer engagéiert Lëtzebuerger Eltere vun Adoptivkanner aus Indien d’Associatioun Aide à l’enfance de l’Inde gegrënnt. Waren d’Aktivitéite fir d’éischt op d’St. Catherines Home zu Mumbai-Andheri ausgeriicht, vu wou di meescht Kanner hierkoumen, sou hunn d’Aktivitéite richtege Réckewand krut, wéi zanter 1982 d’Associatioun Kofinanzementer vum Lëtzebuerger Aussen- a Cooperatiounsministère krut. D’Aide à l’enfance de l’Inde ass a 50 Joer e wichtige Bausteen an der Lëtzebuerger Cooperatiounspolitik ginn.

An den 1990er Jore si Projeten am Nepal derbäi komm an d’Associatioun heescht haut "Aide à l'Enfance de l'Inde et du Népal asbl".

D’Presidentin vun haut ass bei eis mat hiren zwee Virgänger, den Häre Gérard Peiffer a Gusty Braun. De Grand-Duc zeechent elo d’Madame Liliane Ries-Leyder mam Chevalier an der Couronne de Chêne aus.

Engagement volontaire

• Marianne Kirch-Schmit, bénévole auprès du Comité national de défense sociale
chevalier, ordre de la Couronne de chêne

Zanter 50 Joer schafft d’Madame Marianne Kirch-Schmit fräiwëlleg mat am Comité National de Défense Sociale. Dem CNDS säin Engagement geet vun dem Drogenhëllefzentrum Abrigado iwwer Nei Aarbecht bis bei d’Vollekskichen an d’CNDS-Wunnen. Si probéieren de Leit bei eis heiheem ze hëllefen, déi duerch iergend eng Ursaach un de Rand vun der Gesellschaft gerode sinn.

De Grand-Duc iwwerreecht elo der Madame Marianne Kirch-Schmit symbolesch fir all déi aner Volontairë beim CNDS an deene villen anere Vereenegungen, déi sech sozial engagéieren, de Chevalier an der Couronne de Chêne.

Monde des arts

• André Jung, acteur dramatique
officier, ordre de la Couronne de chêne

Mam Här André JUNG gëtt dëst Joer ee vun de prominenteste Lëtzebuerger Theater- a Filmacteuren ausgezeechent, an duerch seng Persoun och eis ganz kulturell Branche vun den „arts dramatiques“. Seng Carrière huet den André Jung, Joergank 1953, haaptsächlech an der Schwäiz an an Däitschland gemaach. Mat 20 Joer ass hien 1973 op d’Hochschule für Musik und darstellende Kunst op Stuttgart gaang a gouf no senger Studienzäit beim Theater Basel, beim Deutschen Schauspielhaus Hamburg a beim Schauspielhaus Zürich fest engagéiert, wat Referenzadressë fir e Schauspieler sinn.

Den Änder Jung / © Patrick Greis

Zanter dem Joer 2004 spillt hie regelméisseg am Ensemble vun de Münchner Kammerspiele. Hien trëtt och ëmmer erëm a Produktiounen hei zu Lëtzebuerg op. Den Här Jung ass weider regelméisseg a Rollen op der Telé a beim Film ze gesinn, wéi hien dann och bei méi wéi 50 Hörspiele matgewierkt huet. Hie gouf schonns 1981 an nach eng Kéier 2002 vum Magazine „Theater heute“ zum Schauspieler vum Joer gewielt a krut 2009 den éisträicheschen Nestroy-Theaterpräis.

Fir säin exemplarische Parcours als kulturellen Ambassadeur vu Lëtzebuerg am Ausland iwwerreecht de Grand-Duc elo dem Här André Jung den Officier an der Couronne de Chêne.

AUDIO: Nationalfeierdag: Auszeechnungen

Domaine économique

• Jacques Lanners, industriel, Chairman of the Executive Board de Ceratizit SA
commandeur, ordre de Mérite

An der Persoun vum Här Jacques Lanners bieden ech elo de Lëtzebuerger Chef vun engem weltwäit agéirende Firmegrupp op d’Bühn, dee schonns 1931 als spezialiséierte Familljebetrib an der Metallbranche zu Bäreldéng gegrënnt gouf. Den Här Jacques Lanners ass Chairman of the Executive Board vun Ceratizit S.A., déi weiderhinn hire Sëtz an der Holzemerstrooss zu Mamer huet.

Am Joer 2002, huet Är Familljenentreprise Cerametal mat Plansee Tizit vu Reutte aus dem Tirol zu Ceratizit S.A. fusionnéiert. Béid Firme waren schonns laang spezialiséiert op Tungsten an Titanium Carbid wéi och op déi extra Metaller, déi deemols d‘Glühbire liichte gedoen hunn.

Haut, 15 Joer no der Fusioun, beschäftegt Ceratizit S.A. 5.800 Employéeën a 24 Produktiounssiten op der ganzer Welt. Är Firma ass an enger ganzer Palette vu spezialiséierte Metaller aktiv, déi an Zuchrieder, an Turbinen, an de Fligeren asw. zum Asaz kommen.

De Grand-Duc iwwerreecht Iech elo de Commandeur am Ordre de Mérite.

Sauveurs de vie humaine • Marcel Steffen, sauveur d'une vie humaine
chevalier, ordre de Mérite

Den 30. Oktober d’lescht Joer, wéi et schonns däischter war, hat e Chauffeur aus dem Minett tëscht dem Rond-Point Féiz a Biergem eng Frontalkollisioun mat engem Bam. De Familljepapp vu 35 Joer war schwéier blesséiert am Auto agespaart. Et huet sech ëm e Gefier  mat engem Gastank gehandelt an dat sollt eng geféierlech Inzidenz hunn.

De Commissaire en chef Marcel Steffen, Instrukter an der Polizeischoul an der Stad, ass duerch säi Beruff mat der éischter Hëllef vertraut. Hien ass  zoufälleg do passéiert, wou dat uergt Accident geschitt war. Den Här Steffen huet den Eescht vun der Situatioun direkt erkannt an dee schwéier blesséierten Automobilist aus dem Auto gezunn. Wéi d’Victime du geflüstert huet „Gaz, Gaz“, huet hie si nach vill méi wäit vum Auto ewech a Sécherheet bruecht, ier duerch d‘Feier den Auto komplett ausgebrannt ass.

VIDEO: Nationalfeierdag 2017: Marcel Steffen ausgezeechent
De Polizist Marcel Steffen war jo fir seng Hëllef no engem Autosaccident vun den RTL.lu-Lieser och schonn zum "Lëtzebuerger vum Joer 2016" gewielt ginn.

Haut geet et dem Här, deen deemools duerch d’Hëllef vum Här Steffen e schrot Accident konnt iwwerliewen, erëm gutt an hie kann do si fir seng Famill.

De Grand-Duc iwwerreecht elo dem Liewensretter Marcel Steffen de Chevalier am Ordre de Mérite.

De Marcel Steffen war op RTL.lu iwwregens och zum "Lëtzebuerger vum Joer 2016" gewielt ginn.

De Marcel Steffen am Interview beim Annick Goerens. / © Patrick Greis

• Odair Manuel Lima Neves, acte de bravoure exceptionnel
chevalier, ordre de Mérite

Méi dramatisch a leider ouni e glécklechen Ausgank war 10 Deeg virdrun, den 18. Oktober 2016 Moies, d’Accident beim Rond-Point Raemerich zu Esch. Do ass eng Fra vun 28 Joer vun der Strooss ofkomm a mat hirem Auto an de Killweier vun Arcelor-Mittal gefall. D’Automobilistin war am Auto ageklemmt a si sollt d’Accident net iwwerliewen.

Den Här Lima Neves, haut 37 Joer al, schafft bei enger Escher Baufirma. Duefir war hien dann och op engem Chantier an der Géigend vum Accident. Mat engem spontane Geste vu Courage ass den Här Lima Neves direkt an dat kaalt Waasser gesprong an huet ënnert dem Risiko vu sengem eegene Liewe probéiert, di accidentéiert Fra aus der Carcasse vum Auto ze befreien. Et sollt leider ëmsoss sinn.

Wéi den Här Lima Neves aus dem Waasser komm ass, goung hien einfach a bescheide senger Wee. Säin heldenhafte Geste ass eréischt méi spéit duerch en Zeienopruff bekannt ginn.

Monsieur Lima Neves: en reconnaissance de votre courage au risque de votre propre vie, le Grand-Duc va vous remettre à présent le Chevalier de l’Ordre de Mérite du Luxembourg.

Duerno huet de Staatschef geschwat. De Grand-Duc Henri huet dat betount, wat eis verbënnt, huet sech fir Europa a fir Toleranz ausgeschwat.

VIDEO: Nationalfeierdag 2017: Ried vum Grand-Duc ...
... am Kader vun der offizieller Zeremonie an der Philharmonie.

Fête nationale 2017
Cérémonie officielle à la Philharmonie Luxembourg
Discours de S.A.R. le Grand-Duc Här President vun der Chamber,
Här Staatsminister,
Dir Damen an Hären Deputéierten,
Dir Damen an Häre Ministeren,
Exzellenzen,
Léif Matbierger alleguer,

Nationalfeierdag ass all Joer op en Neits e wichtegen Dag fir eis Gemeinschaft. Et ass deen Dag, wou d'Sensibilitéiten an d'Differenzen tëscht deenen engen an deenen aneren zréckgestallt ginn. Haut kucke mir op dat, wat mir gemeinsam hunn, a wat eis als Natioun ausmécht. Mir hunn all Grond, houfreg op dat ze sinn, wat eist Land Opweises huet. Haut ass den Dag vun eis all, den Dag op dem mir all zesumme stinn, zesumme feieren an eis freeën.

Mee mir kucken haut awer och iwwer eis Grenzen eraus a gesinn déi vill Rëss, déi sech an der Welt opdinn. Eng Welt, déi ëmmer méi "onberechenbar" gëtt, wéi den Antonio Guterres, Generalsekretär vun der UNO dat ganz treffend beschriwwen huet. Ech denken un déi rezent grujeleg Attentater, déi an de leschte Wochen fir vill Misär a Leed bei eisen Noperen, Partner a Frënn gesuergt hunn.

Déi Rëss vun deenen ech virdru geschwat hunn sinn den Ausdrock vun engem Epochewiessel. Reliéis, ideologesch oder politesch Radikalitéit schéngt a villen Deeler vun der Welt e gewësse Succès ze hunn. Geopolitesch Gläichgewiichter ginn op d'Spill gesat. Déi international Zesummenaarbecht am Kader vu stablen regionalen Ensemblen huet net méi fir jiddereen dee selwechte Stellewäert.

Et geet net drëm, Alles nëmme schwaarz ze gesinn - well et gi gutt a vill Grënn fir optimistesch ze bleiwen. Mir musse virun allem e klore Kapp behalen fir déi richteg Decisiounen ze huelen, zesumme mat eise Partner a Frënn. Méi wéi jee mécht Europa als Schicksalsgemeinschaft Sënn.

Ech denken, datt déi laang Zäit vun der Onbeschwéiertheet eriwwer ass, op mannst fir de Moment emol. Déi aktuell Erausfuerderunge verlaange vun eis Courage a staarke Wellen. Mee mir sollten äis ëmmer virun Aen halen: déi Generatioune virun eis hu méi schwéier Zäite missen erliewen wéi mir, a si hunn duerchgehalen. Mir sinn hinnen et schëlleg, mat grad esou vill Determinatioun deenen aktuelle Geforen, an zwar den Extremismen, de Populismen, an den nationalen Egoismen entgéintzetrieden.

Datt mir iwwerzeegt si vun eiser Demokratie, eisen Institutiounen, an de Wäerter, déi eis Gesellschaft zesummenhalen, ass vu grousser Bedeitung. Charakterstäerkt ass hei gefrot. Mat gesondem Selbstvertrauen an der néideger Wäitsiicht kënne mir extremen Haltungen d'Stir bidden.

De Winston Churchill ass net nëmme wéint sengem grousse Courage an d'Geschicht agaang. Virun Allem huet hie sech duerch näischt vu senge Prinzipien ofbrénge gelooss. Andeems mir eise Wäerter trei bleiwen, beweise mir eis Stäerkt. Eise politesche Modell, deen op Demokratie, Fräiheet an dem Respekt vun de Mënscherechter baséiert, ass keng Selbstverständlechkeet. En ass d'Resultat vu vill Méi an engem laange Prozess. Dat däerfe mir ni vergiessen.

Dir Dammen an Dir Hären,

Mir hunn d'Chance, datt Lëtzebuerg bis elo, an enger Welt voller Oprou, zimlech gutt ewech komm ass. Och wann eist Land op ass fir Anerer, esou gëtt eisen Zesummenhalt ënnerteneen awer net méi kleng, bien au contraire. Opfalend ass d'Sérénitéit an d'Rou, mat där eist Land evoluéiert. A genee dës gréisstendeels harmonesch Approche tëscht de Mënschen garantéiert eisen ekonomesche Succès, deen der Gesellschaft zeguttkënnt. Fazit ass, datt Lëtzebuerg e Land ass, an deem et sech gutt liewe léisst.

Och d'Aart a Weis, wéi eis Institutiounen am Déngscht vum Land a vu senge Bierger stinn, däerf eis optimistesch stëmmen. Haut ass d'Politik méi wéi jee gefuerdert. Si muss nuancéiert Äntwerten op ëmmer méi komplex Froe ginn. Einfach Äntwerte ginn et net, och wa Verschiddener dat gären hätten. An eiser klenger Gesellschaft, wou een op deen aneren ugewisen ass, ka kee behaapten, eleng Recht ze hunn.

Léif Leit alleguer,

Well mir virun enger laanger Walperiod stinn: Gemengewahlen am Hierscht, Chamberwahlen dat Joer drop an Europawahlen 2019, maachen ech en Appell un all déi, déi um politeschen Debat deelhuelen: Féiert konstruktiv a lieweg Debatten, sidd fair a weist Toleranz bei kontroversen Iddien an hutt Respekt am Ëmgang mateneen. En Debat, deen esou gefouert gëtt, ass gutt fir eist Zesummeliewen an ass en Zeeche vun enger erwuessener Demokratie.

E puer Méint viru de Gemengewalen, well ech all deenen, déi Dag fir Dag am Déngscht vun der Allgemengheet stinn, Buergermeeschteren, Schäffen a Gemengeconseilleren Merci soen. Mir hunn all Ursaach, mat eiser lokaler Demokratie zefridden ze sinn. Et ass um Terrain, wou de Bols vun eiser Demokratie schléit, no bei de Mënschen, an et ass och do, wou d'Politik mat de konkrete Problemer vun de Leit konfrontéiert gëtt a Léisungen ausschafft. Eis haiteg Zäit ass dacks vun Egoismus geprägt. Ëmsou méi Respekt verdéngen déi Mënschen, déi sech an hir Energie an den Déngscht vun eis alleguerte stellen.

Dann denken ech och un all déi, déi bereet sinn, sech am Oktober dem Wieler ze stellen. Et wär gutt, wann mir d'Diversitéit vun eiser Gesellschaft nach méi am politesche Liewe géifen erëmfannen. Och wa scho vill geschitt ass, sou kéint den Undeel vun de Fraen, déi eng politesch Roll iwwerhuelen, awer sécher nach verbessert ginn. Wat den Undeel vun den Nët-Lëtzebuerger an de Gemengeréit ugeet, do bleift nach e gutt Stéck Wee virun eis. Alles an allem wär et e schéine Geste vu Solidaritéit an eiser Gesellschaft, wa vill Fraen oder Männer, Lëtzebuerger oder Nët-Lëtzebuerger, sech an d'Kandidatelëschte géifen aschreiwen. Dat demokratescht Liewen ass méi, wéi eng einfach Walflicht, déi de Wieler all puer Joer aus enger gewësser Distanz erfëllt. Et sinn den aktiven Asaz an d'Bedeelegung un der politescher Diskussioun, déi e Gefill vun Zougehéiregkeet ginn.

Dir Dammen an Dir Hären,

Op dësem Nationalfeierdag, hunn ech bewosst och op déi manner glécklech Entwécklungen an der Welt higewisen, wou vill Repèrë verluer ginn, wou Allianzen a Fro gestallt ginn, a wou Frëndschaften a Solidaritéiten och nei bestätegt musse ginn. Trotz all dësen héijen Ufuerderunge sinn ech frou, datt mir et als Land fäerdegbruecht hunn, Harmonie a Rou an eiser Gesellschaft ze erhalen. Wa mir eisem Verspriechen vun Eenegkeet trei bleiwen, kënne mir all zesummen, Lëtzebuerger an Nët-Lëtzebuerger, berouegt an d'Zukunft goen, a mat enger eenzegaartager Stëmm, an Europa an an der Welt gehéiert ginn.

Vive eist Land, vive Lëtzebuerg an engem vereenten Europa!

Fête nationale 2017
Cérémonie officielle à la Philharmonie Luxembourg
Discours de S.A.R. le Grand-Duc

Monsieur le Président de la Chambre des députés,
Monsieur le Premier ministre,
Mesdames et Messieurs les députés,
Mesdames et Messieurs les ministres,
Excellences,
Mesdames et Messieurs,

Chaque année, la Fête nationale est un moment privilégié pour notre communauté. C'est le jour où les individualités, les sensibilités ou les différences cèdent le pas à ce que nous avons en commun et qui nous distingue du reste du monde : cette unité et cette cohésion nous permettant de former une encore « jeune » nation, qui se fonde sur l'héritage du passé et qui jette les bases d'un avenir collectif. Ce jour doit être un moment de joie, parce que nous avons toutes les raisons d'être fier de ce que notre pays accomplit.

Ce jour est aussi un moment de réflexion, parce que le monde qui nous entoure se couvre de fractures. Un monde devenu totalement « imprévisible », comme l'a justement décrit le Secrétaire général de l'ONU, Monsieur Antonio Guterres.

Comment ne pas évoquer à ce propos ces attentats à répétition qui depuis quelque temps frappent au hasard chez nos Etats voisins, partenaires et amis ?

Les fractures que j'évoquais sont la traduction d'un changement d'époque. La radicalité religieuse, idéologique ou politique connaît une recrudescence, les équilibres géopolitiques se modifient dans le désordre, les ensembles régionaux, qui eux sont des facteurs de stabilité, souffrent de fragilité.

Il ne s'agit pas de dépeindre un tableau trop noir de la situation actuelle- car les raisons d'espérer sont réelles et multiples- mais ayons la lucidité qu'elle commande pour prendre les bonnes décisions et agir en conséquence avec nos partenaires et amis. Plus que jamais la communauté de destin qu'est l'Europe prend son sens à l'heure actuelle.

Je crains qu'une certaine époque de l'insouciance ne soit révolue, du moins provisoirement. Les défis multiples qui sont devant nous exigent du sang-froid et du courage, alors que les générations qui nous ont précédés ont traversé avec détermination des épreuves bien plus cruelles encore. Leur attitude exemplaire nous oblige à regarder la vérité en face et à afficher une détermination comparable. Aujourd'hui nos adversaires ont pour nom les extrémismes, les populismes ou les égoïsmes nationaux.

Un des moyens de parvenir à les faire reculer est d'être persuadé du bien-fondé de nos institutions, de notre démocratie et des valeurs qui fondent notre vivre-ensemble. C'est notre force de caractère qui fera la différence. Notre grandeur d'âme.

Winston Churchill est un géant de l'Histoire à cause de sa vaillance héroïque bien sûr, mais plus encore à cause de son obstination à ne jamais lâcher sur la défense de ses principes. Et c'est en restant fidèles aux nôtres, que nous nous montrerons notre force. Notre régime politique occidental fait de démocratie, de liberté et de droits de l'homme est le fruit d'une longue conquête. Ce n'est pas une donnée de l'histoire. Il ne faut jamais l'oublier.

Mesdames, Messieurs,

En portant un regard introspectif sur notre pays, nous mesurons à quel point nous pouvons nous estimer chanceux d'être épargnés par certaines des tendances négatives que je viens d'évoquer. Notre ouverture aux autres ne s'effectue pas aux dépens de notre cohésion, bien au contraire. Ce qui frappe, c'est le climat de sérénité et de calme dans lequel le Luxembourg évolue. L'huile dans les rouages sociaux facilite bien sûr l'efficacité économique, mais cette approche je dirais harmonieuse des rapports humains rejaillit sur l'ensemble de la société. Nous vivons dans un pays où il fait bon vivre. Voilà pour une bonne partie la recette du succès.

Le bon fonctionnement nos institutions prises dans leur ensemble est un autre motif de profonde satisfaction. En ces temps compliqués, la politique est confrontée à des enjeux complexes. Les réponses sont parfois soupesées, là où certains les aimeraient plus tranchées. Mais il n'y pas de réponses simples aux problèmes de notre temps.

Dans une société comme la nôtre, où chacun sait qu'il a besoin de l'autre, personne ne peut prétendre avoir raison à lui tout seul.

Alors que nous sommes à quelques mois de l'ouverture d'une longue séquence électorale, je veux profiter de l'occasion pour faire un appel à la sagesse à tous ceux qui animent le débat politique voire qui entendent s'engager politiquement. Oui, le débat démocratique exige la discussion des points de vue et la confrontation des idées. Mais la manière dont on le conduit compte également pour beaucoup. Sa qualité se mesure aussi au respect des personnes, à l'honnêteté intellectuelle et à la tolérance d'autres opinions.

Puisque les élections communales approchent à grand pas, je veux saluer toutes celles et ceux qui s'engagent chaque jour pour la cause publique, car nous avons beaucoup de raisons de nous réjouir de la bonne santé de notre démocratie locale. C'est à cet échelon que bat le pouls de notre démocratie. La proximité maintient intact le lien entre nos concitoyens et leurs élus. Je veux donc rendre hommage à l'action des élus locaux qui donnent tant de leur temps et de leur énergie à écouter les griefs de nos concitoyens et à régler leurs problèmes quotidiens. Leur engagement mérite notre plus grand respect, à une époque où les intérêts individuels prennent souvent le dessus.

J'ai également une pensée pour tous ceux qui s'apprêtent à affronter le verdict des urnes au mois d'octobre prochain. Une meilleure prise en compte de la diversité de notre société dans les processus de décisions politiques est à notre portée. Malgré des progrès considérables au cours des dernières décennies, la représentation des femmes pourrait encore être améliorée. Par ailleurs, l'engagement des non-Luxembourgeoise dans la vie de leur commune accuse un retard important, dont nous ne pouvons pas nous satisfaire. Quoiqu'il en soit, des candidatures en nombre lors prochaines élections communales, femmes et hommes, étrangers et nationaux seraient un beau signe de solidarité entre nous tous !

La démocratie ne se réduit pas à l'expression régulière d'un suffrage par des citoyens éloignés de leurs élus. Ce sont la participation, l'engagement et les discussions qui créent un sentiment d'appartenance et d'empathie.

Mesdames, Messieurs,

En ce jour de Fête nationale, j'ai cru nécessaire d'insister sur les fragilités du monde qui nous entoure, où les repères se brouillent, les alliances se défont et les amitiés et les solidarités demandent à être réaffirmées. Dans un contexte d'une grande exigence, j'ai cependant beaucoup de joie à constater que notre pays a su conserver une vertu essentielle, à savoir l'harmonie entre ses habitants, et ce malgré les profondes mutations qui le traversent depuis quelques années. Tout se passe un peu comme si cette vertu était transmise de génération en génération. C'est en restant fidèle à cette promesse que nous préparons tous ensemble, Luxembourgeois et non-Luxembourgeois, l'avenir de notre nation et que nous portons sa voix originale en Europe et dans le monde.

Vive notre pays ! Vive le Luxembourg dans une Europe unie !

VIDEO: Mënsch géint Maschinn?
Während de Preparatiounen op déi zivil Zeremonie fir Nationalfeierdag gouf et eng Polemik ronderëm eng Musekskompositioun.