Si wiere gehéiert ginn, den Text ass an der Chamberkommissioun amendéiert ginn.

AUDIO: AMMD/Reportage Carine Lemmer

Si wiere gehéiert ginn, den Text ass an der Chamberkommissioun amendéiert ginn. Et géif elo keng Gefor méi bestoe fir de Patient, sot d'Dokteschassociatioun AMMD op enger Pressekonferenz. De Projet wéi en elo soll gestëmmt ginn, wier besser wéi virdrun, mä vun engem gudde Gesetz kéint een awer net schwätzen. Syndikalistesch Mesurë wéi zum Beispill e Streik si fir de Moment awer keen Thema méi.

Ob d'Gesetz awer elo Verbesserunge fir de Patient bréngt, gesäit d'AMMD kritesch. Fir den Dr. Philippe Wilmes ass a bleift d'Spidolsgesetz en oninspiréiert Gesetz, dat bürokratesch an dirigistesch vun der Philosophie hier wier an de groussen Erausfuerderungen, déi d'Medezin hei zu Lëtzebuerg huet, net gerecht gëtt.