Ënnert dem Motto "Vëlo: Jo gären - Atom: Nee Merci" war en Dënschdeg de Moien e Protestpiquet zu Réimech, organiséiert vum Lëtzebuerger Aktiounscomité.

D'Manifestante wollten och vun der Occasioun profitéieren, datt op der Musel ronn 500 lokal, regional an national Vertrieder vun der Groussregioun zu Réimech d'Schëff Marie-Astrid geholl hunn, fir op Schengen ze fueren. Do war den informelle Sommet vun der Groussregioun.

AUDIO: Protestpiquet zu Réimech / Reportage Nadine Gautier

Si waren zu enger ronn 20, déi zu Réimech mat Plakater géint d'Atomkraaft manifestéiert hunn. Suerge mécht hinne virun allem d'Atomzentral zu Cattenom, eng 12 Kilometer vu Schengen ewech. Ënnert anerem déi franséisch Autoritéite si gefuerdert vun der Atomenergie ewech ze kommen, seet de Paul Polfer vum Mouvement écologique a wëll de Message mat op de Wee ginn, datt den Tour de France eng Geleeënheet ass, d'Grande Nation gutt duerzestellen. Mat dëser Aktioun wëll een eben och weisen, datt et och negativ Säite ginn a Frankräich.

Schonn e Méindeg goufe Plakater laanscht de Parcours vum Tour de France opgehaang mam Motto "Vëlo jo gären, Atom nee Merci". Fir de Réimecher Buergermeeschter Henri Kox war et selbstverständlech, datt seng Gemeng d'Aktioun matënnerstëtzt, schliisslech géife wichteg Politiker op deem Sommet ukommen.
D'Ministesch vun der Grouss Regioun Corinne Cahen war en Dënschdeg de Moien net ganz frou doriwwer, datt den informelle Sommet vun verschiddene Vertrieder aus der Groussregioun genotzt gëtt fir ze manifestéieren. Et wier eng gewësse Schizophrenie dobäi, wann ee lauter Leit invitéiert fir en Tëschesommet a gläichzäiteg e Protestpiquet organiséiert.

De Grand-Duché hätt eng eendeiteg Positioun vis-à-vis vun de Nuklearzentralen, esou d'Corinne Cahen. Déi zoumaachen, esou séier wéi méiglech.

Greenpeace Luxembourg a accueilli cet matin une troisième fois les coureurs du Tour de France et les politiciens du Sommet de la Grande-Région lors du passage du Tour à Schengen. Le passage du Tour à Schengen a été accompagné par le Sommet de la Grande Région à Schengen, auquel de nombreux ministres, deputés et élus allemands, français et Luxembourgeois ont participé.  Les activistes ont déployé des bannières sur le pont reliant le Luxembourg avec l’Allemagne. “En effet la radioactivité ne connait pas de frontières un accident à Cattenom aurait des conséquences fatales pour le Grand-Duché et la Grande-Région. Nous rappelons de nouveaux aux politiciens de la Grande-Region de se prononcer contre la prolongation de vie de Cattenom et pour la fermeture de cette centrale.”  conclut Roger Spautz, chargé de campagne nucléaire de Greenpeace Luxembourg.