17 Jongen a Meedercher vun der Cycle 3.2.-Klass vu Nidderaanwen hunn extra fir d'Occasioun vum Inklusiounspräis 2017 ee Lidd astudéiert.

Ee vun hinnen ass den 10 Joer ale Fränkie, deen Autist ass an trotzdeem vun Ufank u mat deenen anere Kanner an d'Schoul goung, deemools huet hien nach kaum geschwat an huet och regelméisseg Krise gemaach. Haut ass de Bouf a sengem Behuelen net méi vun den anere Kanner z'ënnerscheeden, an huet och den Niveau fir an déi nächst Klass ze kommen. Vun enger Diplom-Pädagogin brauch hien an der Tëscht nëmme nach 9 Stonnen Assistenz pro Woch.

De Bouf selwer ass éischter iwwerrascht, dass hien a seng Klass den Inklusiounspräis kruten. Och d'Stagiairen, déi an der Klass intervenéiert, schwätzt vun enger flotter Experienz.

D'Associatioun Zesumme fir Inklusioun huet op alle Fall net gezéckt, wat hire Choix fir de Präis vun dësem Joer ugeet. D'Halschent vum mat 1.000 Euro dotéierte Präis geet iwwregens un eng Schoul am Ruanda, an de Rescht gëtt fir flott Aktivitéiten am Kader vun der Kolonie am Eisléck agesat.

E Reportage vum Dan Hardy