Nei interaktiv App ronderëm Fraerechter

Den Nationale Fraerot schafft zesumme mat "WIDE - Women in Digital Empowerment" fir jonk Leit a punkto Chancëgläichheet ze sensibiliséieren.
Se heescht UNITE a soll virun allem di Jonk op Fraerechter opmierksam maachen. Virun allem jonk Leit wieren net genuch iwwer Chancëgläichheet opgekläert.
Ganz dacks géingen sech jonk Leit net fir d'Chancëgläichheet tëscht Mann a Fra interesséiert, well se nach net mat esou Froen confrontéiert goufen, erkläert d'Directrice vu WIDE Marina Andrieu. An der App fënnt een ënnert een nieft vill Informatiounen an normalen Noriichten, och e Quiz ronderëm d'Thema Égalité des Chances. Dobäi kéinten déi Jonk hir Resultater duerno och vergläichen.
D'App kéint och an de Schoulen agesat ginn, fir iwwer d'Plaz vun der Fra an der Gesellschaft ze schwätzen. Eng ganz Partie interesséiert Enseignante hätte sech scho beim Fraerot an beim WIDE gemellt. D'Applikatioun ass elo scho fir Apple an Android disponibel.