An der Stad mécht ee sech Suerge wéinst dem PAP op der Polvermillen ...

Um fréieren Industrie-Site op der Polvermillen an der Stad gouf et deemools och eng Botzerei. Hei ware chemesch Stoffer am Asaz, déi nach ganz laang dono zu Problemer gefouert hunn.

Och 2003, wéi op där Plaz e Büro-Zenter war, hu Mataarbechter sech iwwer akut Gesondheetsproblemer beklot.

A beklot hu sech viru Kuerzem och d'Awunner iwwert aktuell Chantieren op dësem Terrain, och si maache sech Suergen ëm hir Gesondheet.

Den Dan Hardy huet elo mat enger betraffener Fra geschwat, déi fréier um Site geschafft huet.