Een ongewinnte Bild e Mëttwoch de Moien um Kierchbierg, den Tram ass fir eng éischt Testfaart aus dem Schapp geholl ginn.

Géint 9.30 Auer e Mëttwoch de Moien war et souwäit, den Tram ass fir eng Testfaart déi éischt Meteren iwwert d'Avenue J. F. Kennedy gefuer. Den Infrastrukturminister François Bausch, d'Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer an d'Verkéiersschäffen Sam Tanson, souwéi déi ganz Presse ware bei dësem historesche Moment dobäi. Am Schrëtttempo sinn déi éischt zwou Rammen aus dem Depot beim Rondpoint Serra erausgefuer.

AUDIO: Tram on Tour / De Reportage vum Claudia Kollwelter
VIDEO: Dem Tram seng éischt Meter
Onkommentéiert Bildmaterial
VIDEO: Tram on Tour: Video vum Jeannot Ries.
Éischt Testfaart fir den Tram

Hannergrond sinn eng Partie Tester, déi gemaach musse ginn, wéi den Luxtram-Direktor André Von Der Marck erkläert. Am Kader vun der Testphas ginn all d'Funktionalitéite vun der Ramm kontrolléiert, et gëtt gekuckt ob d'Carrosserie néirens vu Beem geschréipst ginn an näischt schlecht positionéiert ass.

AUDIO: Den André Von Der Marck

Et géing een och gutt am Zäitplang leien, fir datt den Tram och den 10. Dezember vum Tramsschapp um Kierchbierg bis bei d'Rout Bréck fuere kann, a méiglecherweis souguer bis op de Glacis. E Mëttwoch ginn iwwregens de ganzen Dag iwwer weider Testfaarten gemaach, bis erof bei den Arrêt vun der Coque.

VIDEO: Matgefuer: Éischt Testfaart am Tram
Onkommentéiert Bildmaterial

Wéi et vu Luxtram heescht, stinn zanter e Méindeg schonn d'Uewerleitungen ënner Stroum. Vun e Mëttwoch u bis Enn Oktober gëtt den Tram reegelméisseg erausgeholl, fir Testfaarten. Am November zirkuléiert dat neit Verkéiersmëttel dann ënner normale Konditiounen, dee Moment awer nach ouni Passagéier.

Fir jiddereen sou gutt wéi méiglech iwwert den Ëmgank mam Tram z'informéieren, Foussgänger, Automobilisten a Vëlosfuerer, huet Luxtram eng Informatiounscampagne lancéiert ënnert dem Motto "Den Tram mécht seng éischt Schrëtt - Haalt är Aen an Oueren op!". Et ginn an dem Kontext och Panneauen op strategesch wichtege Plazen installéiert an et ginn Deplianten ausgedeelt.

VIDEO: Première sortie du tram
Mercredi 12 juillet au Kirchberg.

Tram-Mataarbechter nach ëmmer ouni Kollektivvertrag

Den Ament schaffe scho 40 Leit bei Luxtram. 90 sollen et der sinn, wann den Tram bis richteg fiert a mëttelfristeg 250 bis 300.

Mä déi Tram-Mataarbechter hu bis ewell kee Kollektivvertrag. De Landesverband mécht dorobber an engem Communiqué opmierksam. Zweemol schonn hätt een d'Generaldirektioun an de President vum Verwaltungsrot invitéiert, fir e Kollektivvertrag auszehandelen. Mä et hätt ee bis haut keng Äntwert kritt.

Pas sans convention collective !

Aujourd'hui, le 12 juillet 2017 tout est enfin prêt : le nouveau tramway de la capitale parcourra ses premiers mètres comme parcours d’essai.

La FNCTTFEL-Landesverband est convaincue que tous les problèmes techniques au démarrage peuvent être résolus pour le 10 décembre 2017. Cependant, nous craignons que le nouveau tramway ne tienne pas la route d’un point de vue social.

La FNCTTFEL-Landesverband s’est battue dans les années 1920 pour que les anciens travailleurs de tramway accédassent au statut du fonctionnaire communal. Aujourd'hui, nous nous engageons à faire en sorte que les nouveaux travailleurs de tramway reçoivent une convention collective pour contrer d’office l’arbitraire salarial et le dumping social dans cette entreprise  d'avenir.

À l'heure actuelle, environ 40 personnes travaillent pour Luxtram S.A., pour la fin de l'année – donc jusqu’au premier parcours officiel le 10 décembre 2017 – ils seront 90. À moyen terme, entre 250 et 300 salariés devraient être employés. Nous avons invités à deux reprises la direction générale ainsi que le Président du Conseil d’Administration de Luxtram S.A. à se mettre avec nous autour d’une table pour négocier une convention collective pour l'ensemble de l'effectif de Luxtram.

Malheureusement, ces lettres sont restées sans réponses jusqu’à ce jour !

Cette convention collective vise à protéger les salariés et l’employeur en réglementant toutes les affaires sociales.

Nous invitons donc vigoureusement la direction de Luxtram à répondre  à notre demande d’ouvrir la voie à des négociations sur la convention collective. Nous lançons un appel pressant aux propriétaires de l'entreprise de tramway, à savoir la Ville de Luxembourg et le Ministère de l'Infrastructure en tant que représentants de l'Etat de veiller à ce que les employés disposent d’une convention collective à l'ouverture officielle du tramway au plus tard.

Pour nous, c’est tout à fait clair: pas de tramway sans convention collective!

 

Communiqué par l’exécutive de la  FNCTTFEL-Landesverband au 11 juillet 2017