10 Deeg laang hunn d’Guiden a Scouten aus 23 Länner op der 30 Hektar grousser Wiss Reen, Sonn a Wand affrontéiert a sech an hirer Zelt-Stad opgehalen.

De Go|Urban Camp kann zu Recht als eemolegt Evenement an der Geschicht vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten beschriwwen ginn: dat gëllt fir d’Envergure vum Camp, grad och d’Innovatiounen beim programmateschen Konzept.

Et gouf vill vun den 4.000 Guiden a Scouten gekacht, musizéiert, gefeiert, gelaacht, gespillt, produzéiert, sech an ee vun 280 Jobs all Dag ageschriwwen, et goung op den Hike, wou och dobaussen geschlof gouf, et goufen Visitten iwwerall am Land, et gouf eng Wahlcampagne Int vs Schof, vill eenzegaarteg Momenter an dunn um Enn vum Camp, den Ament vum Äddi soen an d’Zelter an Konstruktiounen nees demontéieren.

De Go|Urban war no 1984 an 1994 dee gréissten internationalen Camp, dee bis dato d’LGS organiséiert hunn.

D’Campcheffen Carmen Schares, Romain Hild a Roy Grotz waren vun engem Topstaff vun enger Dosen motivéierten Leit encadréiert, déi hirersäits nees Ekippen vun 180 Benevolen dirigéiert hunn. Während dem Camp ass dee Staff esouguer op eng 600 Leit gewuess an allen Domainer: vun der Spull, der Kichen, dem Supermarché, dem Material, Medical, Recycling, der Crèche, dem Mini-Camp, iwwert d’Farm bis bei d’Bar, d’Quartiers-Staffen, d’Gestioun vun Stroum a Waasser bis hin zu der logistescher Erausfuerderung all (!!) Dag e puer honnert Guiden a Scouten op eng aner Plaz am Land ze bréngen.

D’Emotioune waren grouss um leschten Owend, d’Int gouf gewielt, grad wéi säi Vize-Buergermeeschter „den Nippel“. Un hinne läit et vläicht den nächsten internationale Camp vun den LGS ze plangen… vläicht dauert et bis dohinner jo keng 20 Joer méi.

De mega Camp war vum 18. bis den 28. Juli. Déi vill Scouten aus 23 verschiddene Länner hunn an hirer eegener klenger Stad gelieft, déi uewen um Kierchbierg direkt nieft den RTL-Gebaier opgeriicht gouf. An do gouf nawell vill gebueden fir déi bal 4.000 Kanner a Jugendlech: Sangen, Danzen, Spaass mateneen hunn. D’Konzept vum Camp stoung dann och ënnert dem Motto vum nohaltege Liewen. An deem Sënn hunn d'RaRo sech immens engagéiert, der eelster Altersgrupp. Si waren de Recycling kucken, well den Tri vum Knascht hinne ganz wichteg ass. Nohaltegkeet war jo wéi gesot ganz grouss geschriwwen um Go|Urban.

Eng ganz besonnesch Attraktioun war och d'Farm, e klenge Bauerenhaff um Camp, wou een d'Déiere net nëmme kucke konnt, mä och eppes iwwert si gewuer gouf, zum Beispill matverfollegen wéi d'Jippelcher aus hiren Eeër schlüpfen. Natierlech hunn déi Déiere misse gefleegt an d'Ställ gemëscht ginn.

Et goufen donieft ganz vill Aktivitéiten an e Beräicher Go|Social a Go|Creative, wou d'Kanner ënner anerem e Bat Detektor gebaut oder am Rocket Labor Rakéiten nogebaut hunn. Et goufe Vëloe gefléckt, kleng Olympiaden organiséiert, Guerilla gardening, Workshoppen ënner anerem zur Kommunikatioun am Krich gehalen, wéi och en Debat an der Chamber. Et gouf Brout gebak, Kéis a Chipse gemaach. Ma och eescht Themen sinn net ausbliwwen, wéi Diskussiounsronnen zum Thema Palestina a Fairtrade.

D'AvEx hunn hir traditionell Veilléeë gehalen, wou och d'Dëppegéisser e Concert zum Beschte ginn hunn a kleng Spiller organiséiert gi sinn. Et goufen eng sëllechen Hiken, wou zwar deen Een oder Anere vun den AvEx an de Carapio sech iwwert de Reen an de Bulli beschwéiert huet, mä dat der gudder Stëmmung awer keen Ofbroch gedoen huet.

Vill Visitten uechtert d'ganz Land stoungen um Programm, sief op bei der Luxtram, um Belval, um Findel, bei der SEO, dem Veianer Schlass, beim Cactus oder an der Schifer- an der Koffergrouf.

An et gouf vill giess: D'Kanner an d'Jugendlech hunn all selwer op der Campplaz gekacht, souwuel um Feier wéi och iwwert der Gasflam. Dat Iessen hu si 2 Mol den Dag an de Go|Market misse siche goen.

© Luc Marteling

Eemoleg war awer och den "Open Day", der Porte ouverte mat Dausende Visiteuren, wou net nëmmen d'Eltere vun de ville Kanner um Camp eng Geleeënheet kruten, sech en Abléck an d'Scoutsliewen ze verschafen. Eng Offer, déi et nach laang net op all Camp gëtt....

AUDIO: "Open Day" um Scoutscamp / Reportage Sandra Schmit

D'Iddi vun enger Porte ouverte ass besonnesch awer bei de Jonke vu 6 bis 23 Joer an hiren Elteren gutt ukomm.

AUDIO: De Romain Hild

Frënn a Famill krute gewisen, wéi d'Scoute liewen, wat si alles maachen, déi vill Konstruktiounen erkläert, nieft de villen Atelieren fir selwer matzemaachen a ganz wichteg en Abléck an d'Philosophie vun engem Scout.

AUDIO: D'Carmen Schares

E Besuch um "Go Urban" huet sech op alle Fall gelount. Well ob Concerte vun zum Beispill den Dëppegéisser, Spiller an Ateliere fir Grouss a Kleng oder ville verschiddenen Iessbuden, d'Guiden a Scouten hire Visiteuren e volle Programm proposéiert hunn.

Vill Visiteuren um "Open Day". / © Lëtzebuerger Guiden a Scouten / Go|Urban

Och de Lëtzebuerger Premierminister Xavier Bettel hat sech ënnert d'Campbewunner gemëscht a sech gären u seng eegen Zäit als Scout erënnert. Fir de Premier waren d'Scouten eng Schoul fir d'Liewen.

AUDIO: Extrait Xavier Bettel

© Domingos Oliveira / RTL Télé Lëtzebuerg

VIDEO: Go-Urban: Dausende Leit um Open Day
Op der Wiss nieft der RTL-City konnten d'Leit sech um Sonndeg den internationale Scoutscamp ukucken.

Iwwer de Camp a vum Camp

Während den 10 Deeg gouf de Guiden a Scoute villes gebueden ... ma si hu selwer och vill ugebueden! Dat kann ee souguer an der campeegener Zeitung noliesen ...

Natieelch sinn an deenen 10 Deeg eng jett Fotoen an flott faarweg Andréck zesummekomm. Déi meeschte Fotoe si vun den "Lëtzebuerger Guiden a Scouten - Go|Urban".

VIDEO: Guiden- a Scoutsstad fir 10 Deeg um Kierchbierg
"Go Urban" heescht et um Scoutscamp. Vill Beweegung an Aktivitéite fir eng ronn 4.000 Guiden a Scouten aus 22 verschiddene Länner.

© Lëtzebuerger Guiden a Scouten / Go|Urban