Et war eng Naturkatastroph wéi ee se hei am Land net fir méiglech gehalen hätt: E Samschdeg sinn déi schlëmm Iwwerschwemmungen genee 1 Joer hier.

Iernzdall: Ee Joer duerno
Et war eng Naturkatastroph wéi ee se hei am Land net fir méiglech gehalen hätt. d'Wäiss Iernz hat ganz Stroossen an Haiser bannent Minutten ënner Waasser gesat.

D'Wäiss Iernz vun haut

AUDIO: D'Wäiss Iernz vun haut / Reportage Monique Kater

1 Joer ass et hier, dass an enger ganzer Rei Dierfer an de Gemengen Noumer, Bettenduerf, Fiels an Ärenzdallgemeng, d'Wäiss Iernz ganz Stroossen an Haiser bannent Minutten ënner Waasser gesat, an alles mat ewechgerappt huet, wat net ugeschrauft war. Falsch – och fest Betonéiertes konnt dem Héichwaasser net iwwerall d'Stir bidden, well et si ganz Deeler vu Maueren an Haiser verschwonnen, grad ewéi Brécken. Haut ass scho villes gefleckt, mee nach laang net alles. D'Waasserwirtschaftsamt – Waasserverwaltung klengt besser – koordinéiert déi ganz Aarbechte laanscht d'Iernz, huet en eegene Fong, mee och aner Departementer hëllefen. Vun Ufank u bëselt de Philippe Lutty tëscht de Gemengen, Dierfer a Millen hin an hier, op dat wat scho gemaach ass, ass hien houfreg, hie weess awer och, dass e laange Congé dëse Summer wuel och an d'Waasser fält.

Bis Enn vum Joer muss theoretesch alles gemaach sinn. Hei geet et eben och ëm Geld, en Delai dee muss agehale ginn. Direkt e puer Entreprisë missten nom Congé collectif urappen, erkläert de begeeschterten Optimist Lutty, a wann een da grad virun deem Gebai steet, deem seng Maueren ewechgefuer sinn, an elo mat elauter Dreck an der Iernz leien, da freet ee sech wéi dat alles soll goen, esou séier, wuelverstan. Zu Reisduerf selwer ass ee fäerdeg, d'Wäiss Iernz gesäit no 2 Méint Aarbecht komplett aneschters aus. D'Wäiss Iernz huet elo vill méi Plaz. D'Leit, déi derlaanscht wunnen, hunn Terrain ofginn, fir dass dësen der Iernz kann zegutt kommen, zielt de Philippe Lutty vun der Waasserverwaltung.

Eng 600 Beem wieren eleng zu Reisduerf gesat ginn, e puer Dausend am Ganzen, laanscht d'Wäiss Iernz. Déck Steng riets a lénks sollen d'Waasser am Bett halen, eng natierlech Barrière amplaz vun enger fester Bëtongsmauer. Dat geet net iwwerall, seet de Philippe Lutty, mee op der Hessemillen hätt een esou geschafft, an der Iernz e Stéck vun deem erëm ginn, wat een hir geholl hat.

Hëllef fir déi betraffen Awunner

Iernzdall: 1 Joer no den Iwwerschwemmungen
No engem Joer ass an de betraffene Gemengen scho villes erëm opgebaut.

Den 22. Juli 2016 koum d'Waasser... eppes no 9 war dat, a bannent Minutten ass déi Wäiss Iernz esou séier esou héich ginn, dass een haut nach gesäit, wat d'Bach, déi e Floss gi war, u Schied hannerlooss huet.

4 Gemenge waren a si concernéiert; Hëllef koum deemools direkt, an och de finanzielle Support vum Staat huet net laang op sech waarde gelooss. Ze flécke bleift haut nach esou munches an den Dierfer, an d'Gemengen zielen op eng 2. Finanzsprëtz vum Inneminister.

AUDIO: 1 Joer nom Héichwaasser: Wéi ass d'Situatioun haut?

An déi kréiche se och, seet den Dan Kersch a weist fir unzefänken emol déi detailléiert Lëscht vun all deem, wat am Februar rembourséiert ginn ass. Dat war déi éischt Tranche, an d'Sue goungen un déi 4 Gemengen, déi d'Waasser haten, also u Noumer, Bettenduerf, d'Fiels an d'Ärenzdallgemeng. Ronn 715'000 Euro sinn am ganzen ausbezuelt ginn; de Gros – 486'000 Euro krut Noumer rembourséiert. De Buergermeeschter vun der Ärenzdallgemeng, an där et virun allem Iermsdref erwëscht hat, geet dovunner aus, dass, iwwert den Daum, 70, 80% vun de Schied gefleckt, gebotzt respektiv geraumt sinn... nach net nees opgebaut ass z.b. d'Mauer nieft der Bréck zu Iermsdref; hei géif op eng Etüd gewaart, mat technesche Recommandatiounen, an da kéint ee lassleeën, seet den André Kirschten. Et hätt een d'Rechnungen an d'Devisen elo mol all dobannen, nodeems een z.B. d'Maison Relais huet mussen ofrappen, d'Schoul nei maachen, d'Hal nei maachen... Et géif ebe bëssen daueren, bis een all d'Chifferen zesummen hätt, sou den André Kirschten. Et hätt een elo eréischt den Accord vun der Assurance kritt, wat déi géifen iwwerhuelen. Wann een dann den endgültegen Decompte hätt, da géif een nach emol bei de Minister goen, dee jo och versprach hätt, dass ee géif asprangen.

RTL

© RTL-Archiv

Et hätt ee ni geduecht dass esou eppes zu Lëtzebuerg kéint geschéien, erënnert sech den Dan Kersch, dee sech elo bewosst ass, dass eng Katastroph wéi déi hei, sech esouguer ka widderhuelen! Reagéiert hätt ee richteg, fënnt hien, d'Cellule de Krise, déi vill Fräiwëlleg, Arméi, Pompjeeën – se hätten all eng formidabel Aarbecht geleescht! D'Käschten déi do ugefall sinn, goufen natierlech net verrechent, präziséiert den Inneminister. 30 Millioune ware vun der Regierung deblockéiert ginn. Déi bräicht ee wuel net ganz, och wann elo vun de Gemenge nach Rechnunge nokéimen. Wat d'Schied ugéing, wier vun allem dobäi gewiescht.

RTL

© RTL-Archiv

Fir ronn 1 Millioun Euro ware Schied gemellt gi vun de Gemengen. 715'000 € huet de Ministère zeréckbezuelt. Den Ënnerscheed si Saachen déi entweder vun enger Assurance oder vun engem anere Ministère ofgedeckt goufen. Iermsdref war am meeschte belaascht, hannendrun dann Noumer. Vun anere Gemenge wäerten nach Chifferen nokommen.

D'Regierung wier do, fir op den éischte Misär vun de Leit ze reagéieren, hire Rôle wier awer net dee vun enger Assurance, seet den Inneminister, deen zefridden ass, dass eben d'Assurancen elo géinge matzéien. Eng aner Regierung war schonn emol gescheitert, wéi se d'Assurancen iwwerzeege wollt, och sou Assurancë mat Privatleit ofzeschléissen. Deemools war et e Refus gi vun den Assurancëgesellschaften, well se dora kee grousse Geschäftsmodell gesinn hunn. Den Dan Kersch ass awer der Meenung, dass een et fäerdeg bruecht hätt, den Assurancësecteur z'iwwerzeegen,  dass se elo grad wéi am Ausland, och esou Assurancë sollen u Privatleit ubidden.

RTL

© RTL-Archiv

Et hätt een d'Assurancen drun erënnert, dass se de Lëtzebuerger Modell net nëmme kéinte Notzen, wann et fir si Avantage géif. D'Regierung hätt fir hiren Tour dofir gesuergt, dass duerch dës Katastroph keen an d'Aarmut gerutscht wier. Mëtt Mee koum iwwregens den OK vum Ministeschconseil, wat eng 2. Well vu Remboursementer ugeet.

Nei Bréck fir d'Hessemillen

Bréck bei Eppelduerf erëm op
Viru knapp engem Joer hat d'Bréck géint d'Waasser keng Chance a gouf zerstéiert. Haut ass se nees op.

No engem Joer ass um Mëttwoch d'Bréck vun der Hessemillen nees opgaangen. Den 22. Juli 2016 war se vun de Waassermassen mat ewechgerappt ginn, wéi d'Wäiss Iernz sech, op eemol, no massive Reeschaueren, vun enger Baach an e Floss verwandelt huet. A 4 Gemenge goufen et uerg Iwwerschwemmunge an héije Materialschued! An der Hessemillen - déi läit tëscht Iermsdref a Reisduerf, no bei Eppelduerf, lieft d'Famill Mathay. De Jos Mathay erënnert sech och e Joer méi spéit genee un déi dramatesch Zeenen, direkt nieft sengem Doheem.

AUDIO: Extrait Jos Mathay

Ronn e Joer ass wéi gesot un der Bréck geschafft ginn. Déi nei wier esou gebaut ginn, dass se, sollt et nach eng Kéier esou eng Naturkatastroph ginn, dem Waasser kéint d'Stir bidden, heescht et vun offizieller Säit.