D'Decisioun ass e Méindeg de Moien am Gemengerot geholl ginn. Elo iwwerhëlt d'Lëtzebuerger Firma "Petro Center" vu Leideleng de Betrib.

D'Gemeng ass Proprietär vum Gebai zu Heischent, an deem am Ganze 4 Geschäfter doheem sinn. Dat sinn d'Bäckerei Jos&Jean-Marie, de Gedrénksverkeefer Wallers, d'Metzlerei vum Séi vum Biometzler Quintus an de Butték vum Séi, dee vum Pallcenter geréiert gëtt.

Als Gemeng wär et awer immens schwéier, d'Gestioun vun esou engem Gebai ze maachen, an et wär och net d'Missioun vun enger Gemeng, fir Handel ze bedreiwen, erkläert de Buergermeeschter vun Esch/Sauer Gilles Kintzelé. D'Gemeng wär och net do, fir mat bëllege Loyere verschidden Initiativen z'ënnerstëtzen. No 10 Joer missten d'Proprietäre mëttlerweil awer op eegene Féiss stoen.

Zolitt Kritik

De knappe Vott vu 7 géint 6 Stëmmen, deen e Méindeg de Moien am Gemengerot geholl gouf, weist awer, dass dës Decisioun net jidderengem schmaacht. De Gemengerot Yves Karier kritiséiert, dass de Verkaf iwwer de Knéi gebrach gouf. Et hätt ee kéinten op aner Offere waarden, op besser Konzepter, déi garantéieren, dass de Label vum Séi, deen zanter Jore vun der Gemeng opgebaut ginn ass, och ka weider bestoen. Oder d'Gemeng hätt kéinten ëffentlech no engem neie Proprietär sichen. Et hätt och un enger Expertise gefeelt, fir festzehalen, wéi vill dat Gebai iwwerhaapt wäert ass. Virun 10 Joer gouf et fir 2.405.000 Euro gebaut.

Wat geschitt mat de Butteker?

Och dat war eng Suerg vum Gemengerot Yves Karier. De Buergermeeschter Gilles Kintzelé verséchert awer, dass d'Kontrakter wäerte weiderlafen. Den neie Proprietär Petro Center hätt zougesot, dass een de Locatairen net géing kënnegen.

Fir d'Gebai hätt een donieft de Marchéspräis kritt. Aner Offere wäre mëndlech gewiescht a wäre mol net op déi 1.250.000 Euro Verkafspräis komm.

Aus der Zeitung gewuer ginn, wat leeft

E weidere Reproche war, dass d'Gemengeréit e Méindeg de Moien aus dem Tageblatt gewuer goufen, wien de Betrib keeft a fir wéi vill Suen, an dat souguer nach ier de Vott am Gemengerot iwwerhaapt geholl gi war.

Esch-Sauer verkeeft den Akafszentrum zu Heischent