De fréiere Stater Industrie-Site Polvermillen war an der Lescht scho méi wéi eemol an der Aktualitéit.

D'Ofrapparbechte si quasi fäerdeg. De Site ass awer contaminéiert, an deen Deel, deen am uergste betraff ass, gëtt elo an enger nächster Etappe "entgëft". D'Awunner aus dem Hammer-Dällchen hu sech elo als Interessi-Veräin zesummegedoen a vun de Gemengen-, a Staats-Autoritéite gefuerdert an Zukunft driwwer informéiert ze ginn, wat um Site geschafft gëtt. Suerge mécht de Leit aus der Polvermillen awer nach eppes anescht an zwar d'Uelzecht an hiert Héichwaasser.

E Reportage vum Monik Kater.