Football ass vläit dee populäerste Sport bei der Jugend, ma bei den eelere Semester an deenen, déi jonk bliwwe sinn, gëtt d'Wanderen ëmmer méi beléift.

D'Lëtzebuerger Wandersportfederatioun hat en Dënschdeg op hier 36. Editioun vun der Marche Populaire op Biekerech invitéiert. An net manner ewéi 1.500 Leit hunn sech ageschriwwe fir déi 3 méiglech Parcoursen iwwer 5, 10 oder 20 Kilometer.

Fir dee grousse Wander-Rendez-Vous ass dëst Joer deemno am Verglach mat deene Jore virdrun en däitleche Plus u Leit festgestallt ginn.

De Reportage vum Dan Hardy.