Tesla S fir d'Police de la Route
Am Kader vun der Elektromobilitéit kritt d'Lëtzebuerger d'Police 2 Tesla S-Elektroautoen, huet d'Police confirméiert.
Den Tesla S ka bis zu 170.000.- Euro kaschten (Lëtzebuerger Tarif), dee Modell, deen d’Police kritt, géif ronn 100.000 Euro kaschten, heescht et. Zréck geet des Entscheedung op de 17. Februar 2017. Am Regierungsrot gouf e Pilotprojet beschloss. 10 Prozent vun de neie Gefierer am Fuerpark vum Staat mussen ab 2017 entweder Elektro- oder Hybrid-Gefierer sinn. Finanzéiert gëtt dat ganzt vum Klimafong.
Et handelt sech ëm e gemeinsame Pilotprojet tëscht Nohaltegkeetsministère a Police, an deem den Auto iwwer 2 Joer soll getest ginn.
D'Police wier di eenzeg Verwaltung beim Staat, déi en eegene Mechaniques-Atelier huet, huet de Pressespriecher vun der Police Frank Stoltz erkläert, nëmmen esou kéint een d'Analysen iwwer Käschten a Leeschtung zouverléisseg selwer ausféieren. Getest gëtt ënner anerem, wat kascht eng Charge, wéi laang dauert d'Opluede vun der Batterie, wéi wäit kënnt een domat. Kann den Auto also fir de Staat eng Plus-value duerstellen?
2 Autoe vum Modell Tesla S si bestallt, een Auto wäert ronn 100.000 Euro kaschten, dofir géifen 2 aner Ween vum Modell BMW X5 manner bestallt ginn, déi en ähnleche Kafpräis gehat hätten.
Di 2 Tesla S solle vum Hierscht un am Déngscht vun der Police de la Route op eisen Autobunnen an den Asaz kommen, an hei fënnt een och d'Äntwert op d'Fro, firwat grad den Tesla S muss ugeschaaft ginn: op der Autobunn bräicht een nu mol ebe Gefierer, déi eng gewësse Vitess kënne fueren, den Tesla S wier den eenzegen High Speed-Elektrowon, deen um Marché wier.
Mi spéit géif d'Police dann och nach 2 administrativ Elektro- oder Hybridautoe kréien an 2 Ween, fir Patrull ze fueren. Hei wier awer nach keng Decisioun fir e Modell gefall. Déi 4 Ween bräichten awer och net esou sportlech ze sinn, wéi déi vun der Autobunnspolice an dierften domadder och däitlech manner kaschten, krute mer nach vum Pressespriecher erkläert.
Den Tesla a grad de Modell S ass allerdéngs net onëmstridden. Eréischt am Abrëll gouf et grouss Problemer mat de Bremsen, d'Halschent vun allen 2016 gebauten Autoen huet missen nogerëscht ginn. Mä och d'Batterië si wuel nach net esou performant, wéi Tesla am Katalog versprécht: Rezent hat sech d'Ëmweltministesch vun Nordrhein-Westfalen Schulze-Föcking géint den Tesla S als Déngschtwon decidéiert. Den Auto war bei internen Tester duerchgefall, d'Batterieleeschtung géif nämlech net dat hale wat versprach gëtt, d'Uschafung vun der deierer Luxus Limousine gouf vun der CDU-Politikerin als Geldverschwendung kritiséiert, schreift de Kölner Stadt-Anzeiger.