Maarteler Buergermeeschter: Strooss haut nach eng Gefor
Zu Maartel hei vir an der Belsch gouf um Sonndeg un d'Affer vun der Katastroph vum 21. August 1967 geduecht.
Um Méindeg sinn et deemno genee 50 Joer hier, dass e Camion, deen aus Richtung Baaschtnech koum, eng Kéier matten an der Uertschaft verpasst hat, an d'Mauer vun der Bréck gerannt an doropshin explodéiert war. 22 Leit hunn op deem Dag hiert d'Liewe gelooss. Nach haut kënne vill Maarteler sech ganz genee un dee schwaarze Kiermesméindeg erënneren.
D'Strooss, op där de Camion deemools ënnerwee war, wär och haut nach eng Gefor, seet de Maarteler Buergermeeschter Daniel Waty. Déi finanziell Moyenen, fir d'N4 méi sécher ze maachen, géifen den Ament awer feelen.
Eng 100 Mënsche waren duerch déi schro Explosioun an déi aggressiv Flame blesséiert ginn. Och d'Anne-Marie Grégoire koum deemools mat uerge Verbrennungen an d'Spidol. Haut huet si hire Liewensretter fir d'éischt kennegeléiert. Et si Biller, déi d'Madame an de Monsieur haut nach genee virun Aen hunn.

Fir un déi Verstuerwen, déi Blesséiert an hir Familljen ze denken, hate vill Belsch a Lëtzebuerger sech um Sonndeg nees do zesummefonnt, wou d'Ongléck geschitt war. Op der National 4.
E Reportage vum Pierre Jans