Am Journal vun RTL Télé Lëtzebuerg war den Yves Piron, Direkter vum Olai, Invité um Plateau.

Den Yves Piron betount, datt et wichteg wier, fir déi Refugiéen, déi e Statut kritt hunn, och Perspektiven ze schafen, soudatt fir si e Liewen ausserhalb vum Foyer méiglech gëtt. Nëmmen op déi Manéier kéint d'Olai dann och zukünfteg weider fir d'Flüchtlingen, déi nei hei am Land ukommen, suergen. An deem Kontext lueft den Direkter vun der Olai och den Effort vun der Regierung, déi d'Ressource vum Olai verdräifacht hätt. Dee ganzen Interview gesitt Dir am Video!

Am Mäerz 2016 gouf tëscht der Europäescher Union an der Tierkei e Flüchtlingsdeal ausgehandelt. Am Kader vun dësem Relokalisatiouns-Accord goufen elo weider 43 syresch Refugiéen zu Lëtzebuerg opgeholl. Enn leschter Woch sinn déi 20 Erwuessener an 23 Kanner am Grand-Duché ukomm. Zanter hirer Arrivée gi si ënner anerem vum LISKO, dem Lëtzebuerger Integratiouns- a Sozialkohäsiouns-Zenter, betreit.

E Reportage vum Lynn Cruchten.

VIDEO: Weider Flüchtlingen opgeholl
Am Flüchtlingsfoyer an der Millebaach goufen déi 8 Familljen, 5 celibataire Männer an 1 Koppel, déi aus Syrien geflücht sinn, ënnerbruecht.