Mat deenen dräi Haapttherapië probéiert d'Croix-Rouge. Kanner déi psychesch Problemer hunn ze hëllefen.

AUDIO: Kannerhaus Jean / Reportage Caroline Hermes

Ier een eng Therapie ufänke kann, musse verschidden Elementer analyséiert an eng Diagnose gemaach ginn. Am Centre thérapeutique zu Betzder kann een dann eréischt mat enger vun hiren Therapien ufänken. Do gëtt dann ënnert anerem gekuckt, wou d'Kanner stinn a wat se matbréngen. 3 Reittherapeute schaffen de Moment am Kannerhaus, et gi 5 Päerd, da gëtt awer och op d'Konschttherapie, d'Spilltherapie an och vill op d'Beweegung zeréckgegraff, sou d'Laura Wiesmann, Chargé de Direction.

D'Kannerhaus Jean gëtt zwar deelweis vum Ministère finanzéiert, awer de Beräich mat den Déieren gëtt net ënnerstëtzt. Do ass ee komplett op Spenden ugewisen. Déi héich Käschte bréngen awer mat sech, datt een all Joer e Minus mécht an do spréngt dann d'Rout Kräiz an. Duerch d'Race for the Kids huet een den Defizit nees erakritt an et konnt een och verschidde Projeten opbauen.
Dëst Joer ass d'Race for the Kids iwwregens den 22. Oktober am Park Dräi Eechelen um Kierchbierg.

Weider Informatiounen iwwert d’Course, fir déi ee sech nach aschreiwe kann, an de Centre thérapeutique am allgemenge fannt Dir um Internetsite vun der Croix-Rouge an um Internetsite vun der Race for the Kids.