E Dënschdeg den Owend spéit ass eng kleng Maschinn vun der Pist ofkomm. De Virfall huet derzou gefouert, datt d'Pist gespaart gouf.

D'Foto vum Fliger, deen noutgelant ass, exklusiv op RTL.

Noutlandung um Findel
Ee klenge Fliger ass hënnt noutgeland. De Pilot gouf net blesséiert. D'Piste wor 4 Stonne gespaart.Honnerte vu Passagéier koumen net op hir Destionatioun
Rose Passagéier
9 Fliger hunn missen Frankfurt Hahn ufléien. Een ass zu Léck geland. Virun allem dës concernéiert Leit waren de Mëtteg zimlech opbruecht

Et war kee Fliger vun eisem Aéroclub, sou d'Schreiwes vun Aerosport an der LFTA, et wier eng Privatmaschinn gewiescht, déi net ënnert Lëtzebuerger Pavillon geflu wier.

Déi Richtegstellung ass Aerosport wichteg, well et wier scho schwéier genuch fir si, fir hir Aktivitéite kënne weiderzeféieren.

Op enger Pressekonferenz war Luxairport um Mëttwoch de Moien op d'Detailer zum Virfall um Owend virdrun agaangen. De klenge Fliger, deen an Holland immatrikuléiert ass, konnt duerch en technesche Problem kee Kontakt mam Findel ophuelen. Et gouf eng elektresch Pann u Bord, sou datt d'Kommunikatiounsgeräter wéi och de Motor ausgefall sinn.

No engem éischte Versuch zu Zéisseng noutzelanden, wat näischt gi war, ass de Pilot um Findel um Gras nieft der Pist gelant, ouni dobäi d'Fuerwierk auszefueren. De Spriecher vu Luxairport huet op der Pressekonferenz gesot, de Lëtzebuerger Pilot hätt alles richteg gemaach.

Dës "Sortie de piste" hätt d'Autoritéiten dozou bruecht, de Fluchhafen aus Sécherheetsgrënn ze spären, esou de René Steinhaus, Commercial Director vu Luxairport.

Dem Pilot ass awer näischt geschitt. De Mann selwer huet d'Alerte declenchéiert, nodeem hien den Accident hat.

Extrait François Matthieu, Administration de la Navigation Aerienne

Op Nofro hinn, wat geschitt wier, wann zu deem Ament e Linnefliger gelant wier, huet et vun de Bedreiwer vum Luxairport geheescht, datt dëse Risiko géif bestoen, datt e Fliger misst noutlanden, wann eng aner Maschinn eng autoriséiert Landung duerchféiert.

10 Fliger ëmgeleet

AUDIO: Extrait René Steinhaus

Déi gutt Noriicht ass, datt kengem eppes geschitt ass. Déi méi schlecht, datt een 10 Fligeren, virun allem vun der Luxair, op aner Fluchhäfen huet missen ëmleeden. Déi Maschinne hunn zu Hahn an zu Léck um Buedem misse waarden, bis si nees zeréck op Lëtzebuerg konnte fléien, soubal de Findel nees opgaangen ass. Donieft gëtt et awer och eng gewëssen Zäit, wéi laang e Pilot fléien dierf an esou hunn ënner anerem d'Passagéier aus Hurghada an Ägypten misse mam Bus zeréck op Lëtzebuerg bruecht ginn, esou de Commercial Director.

Dat d'Fligeren net um Findel konnte landen erkläert och, firwat eenzelne Stater Leit um Dënschdeg den Owend Maschinnen opgefall sinn, déi zimlech niddreg iwwer der Stad gedréit sinn.

180 Passagéier souzen zu Léck fest

Um fréie Mëttwoch de Moien, géint 7 Auer, hu sech betraffe Passagéier bei RTL gemellt, déi nach ëmmer géifen zu Léck festsetzen, respektiv eréischt am fréie Moien vun Hahn zeréckgeflu goufen. Déi betraffe Leit vu Léck sollte vun Hurghada zeréck op Lëtzebuerg kommen.

AUDIO: Onglécklech Passagéier zu Léck / Reportage Eric Ewald

Déi 180 Passagéier zu Léck krute gesot, datt si géint 9 Auer mat engem Bus zeréck op Lëtzebuerg géife bruecht ginn. Kuerz virun 9 Auer gouf d'Auerzäit nees no hanne verluecht, sou datt de Bus sollt um 9.45 kommen. Och dee Bus war awer net, wéi annoncéiert op der Plaz. Eventuell spillt do en Accident kuerz hannert der belscher Grenz eng Roll, dee bis zu 7 Kilometer Stau produzéiert hat.

Wéi déi betraffe Leit op der Plaz RTL gesot hunn, wier de Fliger, mat deem si zu Léck gelant sinn, antëscht net méi um Fluchhafen, mä zeréck op Lëtzebuerg geflunn. Dat gouf op der Pressekonferenz vu Luxairport confirméiert. De Bus wier di séierste Léisung gewiescht, esou d'Luxair, well de Vol net méi kommerziell konnt geflu ginn, an dat well och net méi genuch Kabinne-Personal disponibel war: Duerch d'Retarden an der Nuecht vun den 10 Flich waren déi all am Asaz.

Bei der Optioun Bus gouf et Retarden, well se zu Léck keng Busser organiséieren an d’Luxair eréischt spéit doriwwer informéiert gouf. Zu gudder Lescht stoung de Bus, deen d’Luxair op Léck geschéckt huet wéinst engem Accident och nach am Stau.

D'Luxair géif och fir all Récktransport op Lëtzebuerg opkommen, och fir déi Leit, déi den Taxi geholl hunn.

Weider huet de President vum Luxair Group sech bei all de Passagéier entschëllegt. Léiwer hätt ee gehat, dat Ganzt wier anescht ofgelaf. Ma zu Léck hätt een d'Instruktioune vun der Luxair net respektéiert. Et hätt een och dee Fliger léiwer op Hahn ëmgeleet, well ee mat deem Fluchhafe gutt Erfahrunge gemaach hat a si sech ëmmer un d'Ofmaachungen halen.

Verschidde Passagéier, déi vu Roum koumen an vun Hahn aus net méi mam Fliger op de Findel konnte kommen, goufe mat Minibussen op Lëtzebuerg bruecht. Am Ganze stoungen 8 Fliger zu Hahn, déi op Lëtzebuerg sollten zeréckkommen. Betraff waren do eng 660 Passagéier.

Um kuerz viru 14.00 Auer sinn d'Leit/Clienten vu Luxair mat 2 Bussen vu Leck zu Lëtzebuerg ukomm.

Maschinn vu franséischem President duerft fortfléien

Wéi den Incident geschitt ass, hätt eisen Informatiounen no och sollen eng Maschinn vun enger Low-Cost-Airline erausgoen. Där hire Start gouf awer net erlaabt, d'Leit hu sech musse gedëllegen a waren anscheinend net terribel frou, datt d'Maschinn mam Emmanuel Macron awer duerft fortfléien. De franséische President war mat enger méi klenger Maschinn ënnerwee, déi ouni Problem, trotz dem Accident um Findel, starte konnt.

De franséische President war jo en Dënschdeg fir eng "Visite de courtoisie" respektiv en Untrëttsbesuch am Grand-Duché.

Flich verluecht, Passagéier reege sech op a mussen Nuecht um Findel verbréngen

© Domingos Oliveira

Betraff war de Vol vun Easyjet fir op Porto. Deen ass elo op e Mëttwoch 15 Auer reportéiert. D'Passagéier hunn, wéi et schéngt, musse stonnelaang an der Maschinn um Tarmac waarden ...

Problemer och fir de Fluch vu Ryanair, deen um 21.45 Auer hätt sollen op London-Stansted fléien, déi Passagéier hu sech beim Check-in zerguttstert opgereegt ...

VIDEO: Impressioune vun der Nuecht um Findel
Onkommentéiert Videomaterial

... a sech Plazen um Fluchhafe gesicht, fir d'Nuecht ze verbréngen.

© Domingos Oliveira

Kuerz drop huet Luxairport e Restaurant opgemaach an d'Protection civile ass mat Feldbetter komm.

Nach e puer praktesch Infoen: De Fluch vu 6.15 op Amsterdam gouf annuléiert, de Vol vu 7.05 op Frankfurt och. Op Djerba konnt net um 6.05 starten, ma gouf op 9.45 verluecht.

Eise Fotograf op der Plaz krut iwwregens keen Accès op den Tarmac, fir déi accidentéiert Maschinn ze fotograféieren.