Déi éischt Table ronde vun RTL Télé Lëtzebuerg dréit ëm d'Theme Fusiounen, Finanzen, Infrastrukturen ewéi Schoulen, Crèchen, Maison-Relais, Sport a Kultur.

D’Invitéë waren de Roberto Traversini (déi Gréng), de Claude Haagen (LSAP), de Laurent Zeimet (CSV), d’Martine Dieschburg-Nickels (DP), de Fernand Kartheiser (ADR) an de Gary Diderich (déi Lénk).

Déi zweet Table ronde gëtt de Sonndeg, 24. September diffuséiert.  Si huet den Titel: "Wunnen, schaffen, mobil sinn: Wou sinn d’Grenze vum kommunale Wuesstem?" Et geet also ëm Landesplanung, Wunnengsbau a Mobilitéit.