Um spéiden Dënschdeg den Owend ass eng däitsch Camionnette, déi a Richtung Schengen ënnerwee war, engem Camion hannendrop gefuer.

Op en Neits gouf et een déidleche Verkéiersaccident.

Géint 22 Auer en Dënschdeg den Owend war op der Saarautobunn, Direktioun Schengen, ronn 500 Meter no der Sortie Elleng, eng Camionnette mat däitsche Placken engem polnesche Camion, deen Holz gelueden hat, hannendrop gerannt.

De Chauffeur gouf an der Camionnette ageklemmt. Hie gouf ganz uerg verwonnt.

De Mann vun 32 Joer ass nach op der Plaz u senge schroe Blessure gestuerwen.

Déi genee Onglécksursaach muss nach gekläert ginn. De Miess- an Erkennungsdéngscht war op der Plaz. D'Autobunn hat musse fir den Trafic gespaart ginn.

Wéi den 112 iwwerdeems mellt, gouf während dësem Asaz een Ambulancier vum Sauvetage vu Beetebuerg licht blesséiert an an d'Spidol op Esch transportéiert. Wat genee geschitt ass, gouf net präziséiert.

VIDEO: Déidlechen Accident op der A13
En Dënschdeg den Owend ass eng däitsch Camionnette, déi a Richtung Schengen ënnerwee war, engem Camion hannendrop gefuer.

Schwaarz Serie

E Sonndeg de Moie koum et op der Streck tëscht der Fiels an Aangelsbierg zu engem trageschen Accident mat déidleche Suitten. E jonkt Meedche vu 17 Joer huet net iwwerlieft.

Schonn um Samschdeg war et e schwaarzen Dag op eise Stroossen. Zwee Doudeger war den traurege Bilan nom Accident e Samschdeg de Moien um 4 Auer tëscht Dippech an der Gréiwelsbarrière. Fir de Chauffer vun 28 Joer a déi 22 Joer jonk Bäifuererin sollt all Hëllef ze spéit kommen.